Stralungsenergie

Vu Wikipedia
Stralungsintensitéit vun der Sonn iwwer an op der Äerduewerfläch

D'Stralungsenergie ass eng physikalesch Gréisst vun der Radiometrie. Si ass d'Energie vun der elektromagnéitescher Stralung, beispillsweis vum Liicht.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Wann een d'elektromagnéitesch Stralung (hei nëmmen als Liicht bezeechent) vereinfacht als Stroum vu Photone kuckt, dann ass d'Stralungsenergie déi Energie déi an deem Stroum transportéiert gëtt.

D'Energie vun engem Photon ass nëmme vun der Frequenz ofhängeg:

mam Wierkungsquantum vum Planck an der Frequenz vun der Well .

Fir monochromatescht (eefaarwegt) Liicht ergëtt sech d'Stralungsenergie dofir als Produkt vun der Photonenzuel an hirer Energie:

woubäi d'Zuel vun de Photone ass.

An der Reegel besteet d'Liicht awer aus Photone mat ënnerschiddlecher Energie (et ass polychromattsch, dat heescht méifaarweg).

Zu der allgemenger Beschreiwung vun der Stralungsenergie muss een dofir d'spektral Verdeelung beuechten:

Fir d'Stralungsenergie ergëtt sech dofir:

Kuckt een d'Zäit, an där eng gewësse Stralungsenergie transportéiert gëtt, ergëtt sech d'Stralungsleeschtung (oder Stralungsfloss genannt): .

Benotzung an der Photometrie[änneren | Quelltext änneren]

An der Photometrie gëtt amplaz vun fir d'Energie benotzt. Dat ass kee Feeler: Well d'Physik vill méi Gréisste kennt, wéi dat latäinescht an dat griichescht Alphabet Zeechen hunn, ergëtt et sech heiansdo, datt en Zeechen a verschiddene Kontexter verschidde benotzt gëtt. An der Photometrie gëtt speziell fir d'Stralungsenergie (uewen als bezeechent) d'Formelzeechen benotzt. Heibäi steet den Index e fir eng energeetesch Moossgréisst; den Index v (fir visuell) gëtt an der Photometrie fir Moossgréisste gebraucht, déi di physiologesch Eegenschaften vum mënschlechen A urechnen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie