Schwaarzt Lach

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
E fiktiivt Schwaarzt Lach vun 10 Sonnemassen dat net rotéiert aus 600 km Ofstand. D'Mëllechstrooss am Hannergrond erschéngt duerch d'Raumzäitkrëmmung verzunn an duebel. D'Bildbreet entsprécht engem Bléckwénkelberäich vun 90°. (Computersimulatioun)

E Schwaarzt Lach ass en Objet, bei deem d'Schwéierkraaft op der Uewerfläch sou grouss ass, datt näischt deen Objet verloosse kann – net emol d'Liicht. Dofir kann een e Schwaarzt Lach och net direkt observéieren. E Schwaarzt Lach erkennt een nëmmen duerch seng Auswierkung, déi et op seng Ëmgéigend huet. Wann zum Beispill Matière a sou eent Schwaarzt Lach eragezu gëtt, dann erhëtzt dat sech sou staark, datt een eng intensiv Röntgenstralung feststelle kann.

Et ënnerscheet een tëscht stellare Schwaarze Lächer (stellar black hole) a supermassive Schwaarze Lächer (supermassive black hole). Stellar Schwaarz Lächer sinn eng Folleg vun der Weiderentwécklung vu Stären, déi eng Mass hunn, déi méifach méi grouss ass wéi déi vun eiser Sonn. Stäre mat enger grousser Mass explodéieren um Enn vun hirem Liewen als Supernova. D'Reschter vun där Explosioun kënnen zu engem Schwaarze Lach kollabéieren. Stäre mat enger klenger Mass stierwe relativ onspektakulär als Wäiss Zwergen. Dat si Stärereschter, déi ofkillen a verläschen. Supermasseräich Schwaarz Lächer kënnen déi milliounefach Mass vun eiser Sonn hunn a si wahrscheinlech am Zentrum vun de meeschte Galaxiën. Wéi s'entstane sinn, gëtt am Ament nach erfuerscht.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Kip S. Thorne: Gekrümmter Raum und verbogene Zeit. Droemer Knaur, München 1996, ISBN 3-426-77240-X.
  • Max Camenzind: Von der Rekombination zur Bildung Schwarzer Löcher. In: Sterne und Weltraum. Heidelberg 44.2005,3, S. 28–38. ISSN 0039-1263.
  • Stephen W. Hawking: Eine Kurze Geschichte der Zeit. Rowohlt Tb., Reinbek bei Hamburg 1988, ISBN 3-499-60555-4.
  • Stephen W. Hawking: Das Universum in der Nussschale. 2. Auflage. Dtv, München 2004, ISBN 3-423-34089-4.
  • Bernard J. Carr, Steven B. Giddings: Schwarze Löcher im Labor. In: Spektrum der Wissenschaft. Heidelberg 2005, 9, ISSN 0170-2971.
  • Ute Kraus: Reiseziel – Schwarzes Loch. In: Sterne und Weltraum. Heidelberg 2005, 11. ISSN 0039-1263.
  • Rüdiger Vaas: Tunnel durch Raum und Zeit. 6. Auflage. Franckh-Kosmos, Stuttgart 2013, ISBN 978-3-440-13431-3.
  • Stephen W. Hawking: Die kürzeste Geschichte der Zeit. Rowohlt Tb., Reinbek bei Hamburg 2006, ISBN 3-499-62197-5.
  • Mitchell Begelman, Martin Rees: Schwarze Löcher im Kosmos – Die magische Anziehungskraft der Gravitation. Spektrum Akademischer Verlag, Heidelberg 2000, ISBN 3-8274-1044-4.
  • Fulvio Melia: The galactic supermassive black hole. Princeton Univ. Pr., Princeton 2007, ISBN 978-0-691-09535-6.
  • Pietro Fré: Classical and quantum black holes. Inst. of Physics Publ., Bristol 1999, ISBN 0-7503-0627-0.
  • Hyun Kyu Lee u. a.: Black hole astrophysics 2002. World Scientific, Singapore 2002, ISBN 981-238-124-4.
  • Valerij P. Frolov u. a.: Black hole physics – basic concepts and new developments. Kluwer, Dordrecht 1998, ISBN 0-7923-5146-0.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schwaarzt Lach – Biller, Videoen oder Audiodateien