Shuttle Landing Facility

Vu Wikipedia
Shuttle Landing Facility
Bléck iwwer d'Landepist
IATA Code TTS
ICAO Code KTTS
Proprietär NASA
Land  USA
Gebaut 1974-1976
A Betrib geholl 1976
Bunnlängt 4572 m
Bunnbreet 91 m
Belag Bëtong
Koordinaten 28° 36’ 54’’ N 80° 41’ 40’’ W
D'Atlantis bei der Landung no der STS-112
D'Mate-Demate Device

D'Shuttle Landing Facility (SLF) ass eng Fluchplaz, déi vun der NASA um Kennedy Space Center gebaut gouf, fir mam Space Shuttle do landen ze kënnen.

Déi éischt Landung vun enger US-Raumfähr op der SLF war den 11. Februar 1984. Nom Fluch STS-41-B deen aacht Deeg gedauert hat, ass d'Challenger-Raumfär op der Pist gelant.

Bunn[änneren | Quelltext änneren]

D'SLF huet nëmmen eng Pist, déi 3,2 km nordwestlech vum Vehicle Assembly Building läit. Si gëtt als Runway 15 oder 33 bezeechent, jee nodeem, aus wéi enger Richtung ugeflunn gëtt (Kompassrichtungen 150° an 330°).

De Grondstee fir d'SLF gouf am Abrëll 1974 geluecht. No zwee Joer Bauzäit war d'Anlag fäerdeg a konnt vun der NASA a Betrib geholl ginn.

D'Landebunn ass 4572,0  m laang an aus Bëtong an huet op op all Enn eng Verlängerung vun 304,8  m. Et ass engvun den 30 längste Bunnen op der Welt. D'Pist ass 91,4 m breet an huet u béide Säiten eng Asphaltsträif vu jee 15,2  m Breet. Dee gouf staark verdicht, sou datt en d'Gewiicht vun engem Orbiter droe kann.

D'Bëtongsschicht vun der Landepist ass an der Mëtt 41 cm déck a fällt zu de Säiten ëm dräi Zentimeter erof. Am Ufank war d'Pist komplett mat queesche Rillen duerchzunn, fir datt bei Reen d'Waasser besser konnt oflafen. D'Rille waren jee sechs Millimeter breet an déif an op enger Distanz vun dräi Zentimeter ugeluecht. Spéider goufe fir d'éischt op den Enner 1070  m riicht gemaach, bis am Joer 1994 déi ganz Pist frësch a glat gemaach gouf. Dat gouf gemaach fir d'Pneuen ze schounen.

Um südlechen Enn vun der Landebunn ass eng Parkplaz (167,6 m×149,3 m). Hei steet am Nordosten d'Mate-Demate Device e Spezialkran fir d'Orbitere vum Shuttle Carrier Aircraft erofzehuelen. Eppes méi wäit südlech ass d'Offaart fir bei d' Orbiter Processing Facility ze kommen.

Gebrauch[änneren | Quelltext änneren]

D'Landebunn ass haaptsächlech wéinst der Landung vun de Space Shuttles bekannt. Do landen awer och Shuttleequippe virum Start a beim Terminal Countdown Demonstration Test. Ausserdeem starte vun do d'Parabelfligere vum Typ KC-135 an Transportfligere fir d'Rakéite vum Typ Pegasus.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Shuttle Landing Facility – Biller, Videoen oder Audiodateien