Titan (Rakéit)

Vu Wikipedia

D'Titan-Rakéit ass eng Rakéit, déi ufanks als militäresch Interkontinentalrakéit vum Martin Marietta gebaut gouf, awer spéider haaptsächlech als Drorakéit an der Raumfaart agesat gouf. Si war vun den USA eigentlech als Ersatz fir d'Atlas-Interkontinentalrakéit konzipéiert. Duerch vill Modifikatiounen entstoung eng ganz Famill vun Interkontinental- an Drorakéiten.

Titan-Rakéitefamill
Start vun enger Titan-I-Interkontinentalrakéit
Start vun enger Titan-II-Rakéit mat Gemini-Raumschëff

Titan I, II an Titan II Gemini[änneren | Quelltext änneren]

Testfluch vun enger Titan II mat Start aus engem Silo.

D'Entwécklung vun der Titan I hat 1955 ugefaangen. Wéinst hirer schlechter Zouverlässegkeet an hire laangwierege Startvirbereedunge war si als Géigeschlagwaff net zweckméisseg. Aus Sécherheetsgrënn huet d'Rakéit virum Start missen aus dem Silo gefuer ginn, well soss Explosiounsgefor duerch den Damp vum Oxidator Sauerstoff bestoung. Scho wärend den Teste vun der Titan I gouf dofir mat der Entwécklung vun der Titan II ugefaangen, déi wéinst der Dreifstoffkombinatioun (Stéckstofftetraoxid/Aerozin 50) ouni Problemer aus de Siloe starte konnt. Titan II hu vun 1963 bis 1987 zum Arsenal vun den USA-landgestëtzte strategesche Interkontinentalrakéite gehéiert. Dëst schwéierst jeemools benotzt amerikanescht ICBM-System, virgesi fir d'Zerstéierung vun de staark verbunkerte sowjetesche Ariichtungen, huet en Mk-6/W53-Sprengkapp (9 MT) gedroen. An den 1970er Jore ware 54 Rakéite (1984 nach 37) op dräi SAC-Basen an Arizona, Kansas an Arkansas stationéiert.

Nieft der Arméi huet sech scho fréizäiteg d'NASA fir d'Rakéit intresséiert. D'NASA hat am November 1963 (nach wärend hirer Entwécklung) d'Titan II als Drorakéit fir dat zweesëtzegt Gemini-Raumschëff virgesinn, well keen aneren Dréier zu deem Zäitpunkt eng Notzlaascht vun 3,6 Tonnen droe konnt. Si huet och an ëmgeännerter Form als Dréier fir verschidden onbemannt militäresch Satellitte gedéngt. Déi lescht Titan II (Variant Titan 23G) war am Joer 2003 mat engem militäresche Wiedersatellit gestart.

Titan III[änneren | Quelltext änneren]

Titan IIIA, IIIB, 34B[änneren | Quelltext änneren]

Titan-IIIB-Agena-D-Start mat engem KH-8-Spionagesatellit

Als Weiderentwécklung vun der Titan II gouf vun 1962 un, fir d'US Air Force eng Drorakéit entwéckelt, déi eng zousätzlech drëtt Stuf huet. Dës Variant, d'Titan IIIA (mat der „Transtage“-Uewerstuf), koum net iwwer d'Erprouwungszäit eraus. Méi erfollegräich gouf d'Titan IIIB (mat Agena-D als Uewerstuf). Si gouf a grousser Stéckzuel fir de Start vu Spionagesatellitte benotzt, déi fir de Start mat der Agena ausgeluecht waren an déi hu misse benotzen. Mëtt vun den 1970er Jore goufen och déi béid Stufe vun der Titan III weider verbessert und fir d'Opnahm vu méi Dreifstoff verlängert, wouduerch d'Titan 34B mat der Agena-Uewerstuf entstoung.

Titan IIIC an IIID[änneren | Quelltext änneren]

De nächsten Entwécklungssprong bestoung an der Titan IIIC, déi duerch zwou säitlech ugemaache grouss Feststoff-Booster a modifizéiert Éischtstufen iwwer eng wiësentlech méi héich Notzlaascht (> 12 t op niddrege Äerdëmlafbunne) besouss. Anescht wéi bei allen anere Rakéite gouf déi éischt Stuf net zesumme mat de Boosteren, mä eréischt kuerz virun hirem Ausbrennen gezünnt. D'Boostere vun der Titan-IIIC- bis IVB-Rakéite stellten doduerch eng aus zwee Deeler bestoend, der bis elo éischter Stuf virgeschalteter Stuf duer. Well een d'Bezeechnung vun den aktuelle Stufe net ännere wollt, goufen d'Boostere dofir als „Stuf 0“ bezeechent. DTitan-Rakéite waren dofir Bëndel- an net Parallelstuferakéite. D'Titan IIIC huet d'Transtage als Uewerstuf gebraucht a gouf vun 1965 agesat. Si konnt Satellitte direkt a geostationär Ëmlafbunne bréngen.

Gefollegt ass d'Titan IIID (IIIC ouni Uewerstuf vum Joer 1971 un) fir de Start vu Spionagesatellitte op niddrege Ëmlafbunne.

Titan IIIE/Centaur[änneren | Quelltext änneren]

D'Titan IIIE Centaur start mat der Voyager-2-Raumsond.

Fir d'NASA gouf d'Variant Titan IIIE entwéckelt. Dës huet eng liicht modifizéiert Centaur-Versioun vun der deemoleger Atlas-Centaur als Uewerstuf benotzt. D'Centaur war bei der Titan IIIE mat an der neier voluminöser Notzlaschtverkleedung ënnerbruecht. D'Centaur-Uewerstuf verwendete huet eng méi energieräich Dreifstoffkombinatioun wéi d'Transtage benotzt, sou datt hir Notzlaascht fir héich Ëmlafbunnen däitlech méi grouss wéi bei der Titan IIIC war. D'NASA huet si an de Joren 19741977 beim Start vun de Raumsonde Helios, Viking a Voyager 1 souwéi bei der Voyager 2 gebraucht. Si konnt 15 t an eng niddreg Ëmlafbunn, 3,4 t an e geostationären Orbit an 1,5 t an eng Fluchtbunn zum Jupiter bréngen.

Titan 34D[änneren | Quelltext änneren]

Duerno sollt d'Titan vum Space Shuttle ofgeléist ginn. Well de Shuttle-Programm awer net mat Zäite fäerdeg gouf an trotzdeem schwéier Laaschten an den Orbit transportéiert musste ginn, gouf d'Titan 34D entwéckelt. Si war eng Kombinatioun aus de verlängerten éischte béide Stufe vun der Titan 34B a verlängerte Feststoffbosteren. Si konnt nieft der Transtage och déi IUS als drëtt Stuf benotzen. Hiren éischte Start war den 30. Oktober 1982 a konnt 14,5 t an eng niddreg Ëmlafbunn bréngen.

Parallelentwécklunge[änneren | Quelltext änneren]

D'Titan III/Commercial start mam Mars Observer.
D'Titan 23G start mam NOAA-M engem Observatiounssattelit vun der National Oceanic and Atmospheric Administration.

Titan 23G[änneren | Quelltext änneren]

1986 krut d'Martin Marietta Corporation den Optrag, aus den ausgemusterten Titan-II-Interkontinentalrakéiten, Drorakéiten ze bauen. Dofir goufen d'Startanlage vun der Titan IIIB op der Vandenberg-Base modifizéiert; ausserdeem goufen d'Navigatiounssystemer vun der Titan-II-Rakéit verbessert a si krut eng nei Notzlaaschtverkleedung. Déi ëmgebaut Rakéit krut den Numm Titan 23G. Den éischte Start war de 5. September 1988. No 13 Starte gouf den 18. Oktober 2003 mam leschte Start vun der Rakéit den Titan-23G-Programm ofgeschloss.

Titan III/Commercial[änneren | Quelltext änneren]

De Fabrikant Martin Marietta hat och versicht d'Titan kommerziell op dem Satellittestartmaart unzebidden. Dozou entstong d'Commercial Titan III, déi e puer Modifizéierunge un der éischter an zweeter Stuf souwéi iwwer eng nei voluminéis Notzlaaschtverkleedung hat. Si huet awer soss enger Titan 34D geglach. Si konnt a Verbindung mat verschiddenen Uewerstufe gestart ginn. Den éischte Fluch war den 1. Januar 1990. No weideren dräi Flich gouf mat der Produktioun vun der Rakéit opgehalen, well se ze deier an dofir kommerziell net konkurenzfäeg war.

Titan IV[änneren | Quelltext änneren]

Titan IVA[änneren | Quelltext änneren]

Déi zweet Titan-IVB-Rakéit mam Cassini-Huygens op der Startramp

Awer och nom erfollegräiche Start vum Shuttle-Programm waren d'Deeg vun der Titan nach net eriwwer. Duerch d'Verschleefe vu Starten an duerch d'Challenger-Katastroph gouf d'Titan IV a Plang geholl. De 14. Juni 1989 hat déi nei Rakéit hiren éischte Fluch. Si war nach méi grouss a méi schwéier wéi d'Titan III a 34D a konnt daduerch bal 18 t an ee niddregen Orbit transportéieren. A Verbindung mat enger verbesserter Centaur-Uewerstuf konnt Titan IV bis zu 4,5 t an en geostationären Orbit bréngen.

Titan IVB[änneren | Quelltext änneren]

Déi lescht Stuf vum Programm ass d'Titan IVB. Si gouf als Dréier fir besonnesch schwéier Laaschte konzipéiert an entscheet sech vun der Titan IVA duerch méi grouss, méi schubstaark, modern Feststoffboostere mat schwenkbare Schubdüsen. (D'Boostere vun der Titan IIIC–IVA haten starr Schubdüsen; gesteiert gouf, andeem aus engem separaten Tank Stéckstofftetraoxid zu der Schubvektorsteierung an d'Boostere agesprëtzt gouf.) Doduerch war si an der Lag, 21 t an eng niddreg a 5,5 t an eng geostationär Ëmlafbunn ze bréngen. Si ass fir d'éischt den 23. Februar 1997 gestart ginn. Bei hirem zweete Fluch huet d'Titan IVB a Verbindung mat enger Centaur-Uewerstuf d'Raumsond Cassini-Huygens op de Wee zum Saturn bruecht. Et war zugläich deen eenzegen net-militäreschen Asaz vun enger Titan IV.

Enn vum Titanprogramm[änneren | Quelltext änneren]

De leschte Start vun enger Titan IVB zu Cape Canaveral war den 30. Abrëll 2005. Den endgülteg leschte Start vun enger Titan-IV-Rakéit an domat vum ganzen Titan-Programm war den 19. Oktober 2005 op der Vandenberg-Base. Déi extreem deier Titan IVB gouf duerch déi modern a vill méi bëlleg Rakéiten Delta IV Heavy an Atlas V ersat. Scho beim Start vu Cassini-Huygens gouf e Startpräis vu 433 Mio. US-Dollar genannt, dee spéider nach däitlech iwwertraff gouf.

Vum Joer 1955 bis 2005 goufen et am Ganzen 368 Titan-Starten (200 op der Vandenberg-Base an 168 op Cape Canaveral), déi sech op déi eenzel Modeller verdeelt hunn:

  • 67 Titan I ICBMs, dovun 20 vu Vandenberg (benotzte Startrampe: LC-395-A an SLTF) a 47 vu Cape Canaveral (benotzte Startrampe: 15, 16, 19 an 20)
  • 81 Titan II ICBMs, dovun 58 vu Vandenberg (LC-395-B,-C,-D) an 23 vu Cape Canaveral (15 a 16)
  • 25 Titan II Drorakéite, dovun 13 Titan 23G Rakéite vu Vandenberg (SLC-4W) an 12 Titan-Gemini vu Cape Canaveral (19)
  • 4 Titan IIIA vu Cape Canaveral (20)
  • 57 Titan IIIB vu Vandenberg (SLC-4)
  • 36 Titan IIIC vu Cape Canaveral (40 an 41)
  • 22 Titan IIID vu Vandenberg (SLC-4)
  • 11 Titan 34B vu Vandenberg (SLC-4)
  • 7 Titan IIIE vu Cape Canaveral (41)
  • 15 Titan 34D, dovu 7 vu Vandenberg (SLC-4) an 8 vu Cape Canaveral (40)
  • 4 Commercial Titan vu Cape Canaveral (40)
  • 22 Titan IVA, dovun 8 vu Vandenberg (SLC-4) a 14 vu Cape Canaveral (40 an 41)
  • 17 Titan IVB, dovu 4 vu Vandenberg (SLC-4) an 13 vu Cape Canaveral (40 an 41)

Tabell vun de wichtegsten Titanversiounen[änneren | Quelltext änneren]

Titan II Titan III (Titan IIIA) Titan IIIE Centaur Titan IVA Titan IVB
Éischte Fluch 8. Abrëll 1964 2. September 1964 11. Februar 1974 4. Juni 1989 23. Februar 1997
Leschte Fluch 18. Oktober 2003 25. September 1992 5. September 1977 12. August 1998 19. Oktober 2005
Vollmass (betankt) 151 t (137 t) 173 t (158 t) 632 t 860 t (733 t) 924 t (811 t)
Notzlaascht LEO 3,8 t 3,5 t 15,4 t 17,7 t 21,7 t (5,7 t GEO)
Héicht 32 m 39 m 48 m 50 m 51 m
Duerchmiesser vun der
Notzlaaschtverkleedung
3,05 m 3,05 m 4,27 m max. 5,1 m max. 5,1 m
Startschub 1.912 kN 1.941 kN 8900 kN 11.230 kN 13.531 kN
Dreifstoff Aerozin 50/N2O4 Aerozin 50/N2O4 H2/O2, Aerozin 50/N2O4, Feststoff Aerozin 50/N2O4, Feststoff Aerozin 50/N2O4, Feststoff (HTPB)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Titan – Biller, Videoen oder Audiodateien