Op den Inhalt sprangen

Kurt Waldheim

Vu Wikipedia
Kurt Waldheim
Funktioun
8. Bundespresident vun Éisträich
1. Januar 1972 - 31. Dezember 1981
Virgänger Rudolf Kirchschläger
Nofollger Heinz Fischer
Partei ÖVP
Biographie
Gebuer 21. Dezember 1918
St. Andrä-Wördern
Gestuerwen 14. Juni 2007
Wien
Doudesursaach Häerzkollaps
Nationalitéit Éisträich, Däitscht Räich 1933–1945
Educatioun Universitéit Wien
Gielercher Grousskräiz vum Pius-Uerden
Bestuet mat Elisabeth Waldheim (1944–)

De Kurt Josef Waldheim, gebuer den 21. Dezember 1918 zu Sankt Andrä-Wördern, Nidderéisträich, a gestuerwen de 14. Juni 2007 zu Wien, war en éisträicheschen Diplomat a Politiker (ÖVP). Hie war vun 1972 bis 1981 UN-Generalsekretär a vun 1986 bis 1992 éisträichesche Bundespresident.

Seng Amtszäit un der Spëtzt vu sengem Land stoung am Schiet vu Revelatioune vun der Zäitschrëft profil, e puer Wochen ier e gewielt gouf, datt de Waldheim a senger Autobiographie iwwer säi Behuele an der Zäit vum Nationalsozialismus a vum Zweete Weltkrich gelunn hat; e gouf awer gewielt. Eng international Historikerkommissioun ass 1988 zu der Conclusioun komm datt de Waldheim, dee Wehrmachts-Offizéier war, zwar "perséinlech sech näischt zu Schold komme gelooss huet" an him "keng Bedeelegung u Krichsverbriechen" nozeweise wieren, mä en awer net hätt kënnen näischt wëssen iwwer d'Deportatioun vu 40.000 Judden aus Thessaloniki oder d'Massaker, déi d'Wehrmacht a Westbosnien ugeriicht hat.

Och gouf him virgeworf, hien hätt wëlle seng militäresch Vergaangenheet an de Vergiess gerode loossen, oder, wann dat net méiglech wier, se systematesch verharmloost ze hunn.

  • International Commission of Historians: The Waldheim report. Submitted February 8, 1988, to Federal Chancellor Dr. Franz Vranitzky. Museum Tusculanum Press (University of Copenhagen); Kopenhagen 1993, ISBN 87-7289-206-4
  • James Daniel Ryan: The United Nations Under Kurt Waldheim, 1972-1981. Scarecrow Press, Lanham u.a. 2001, ISBN 0-8108-3701-3.
 Commons: Kurt Waldheim – Biller, Videoen oder Audiodateien