Heinz Fischer

Vu Wikipedia
Heinz Fischer
Gebuer 9. Oktober 1938
Graz
Nationalitéit Éisträich
Educatioun Universitéit Wien,
Universtéit vun Insbruck
Aktivitéit Politiker, Jurist, Universitéitsprofesser
Partei SPÖ

Den Heinz Fischer, gebuer den 9. Oktober 1938 zu Graz an der Steiermark, ass en éisträichesche Jurist a Politiker. Hie war vum Juli 2004 bis Juli 2016 Bundespresident vun Éisträich.

De Fischer kënnt aus enger sozialdemokratescher Famill. Hien huet Droit studéiert an dee Studium 1961 mat engem Doktorat ofgeschloss. 1978 gouf en habilitéiert an 1993 zum Professer fir Politikwëssenschaft op der Universitéit Innsbruck ernannt.

1962 gouf hien am Parlament Fraktiounssekretär vun der sozialdemokratescher Partei. 1971 gouf en an d'Parlament (Nationalrat) gewielt a war bis 2004 Deputéierten (ausser vun 1983 bis 1987, wéi e Wëssenschaftsminister war).

1975 gouf e Fraktiounspresident ("Klubobmann") vun der SPÖ, an 1977 Vizepresident vun der Partei. 1990 gouf en zum President vum Éisträicheschen Nationalrot (Parlament) gewielt a war dat bis 2002.

De 25. Abrëll 2004 huet hien d'Wale fir d'Bundespresidentschaft mat 52,39 Prozent vun de Stëmme gewonnen a gouf den 8. Juli den 8. Bundespresident vun der Zweeter Republik vun Éisträich (d. h. zanter 1945). De 25. Abrëll 2010 gouf e mat 78,9 Prozent vun de Stëmmen op eng weider 6 Joer an deem Amt confirméiert.

Den Heinz Fischer ass zanter 1968 bestuet.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hofbauer, Ernst: Heinz Fischer. Der Mann im Schatten, Iberia-Verlag, Wien 2004, ISBN 3-85052-179-6
  • Horvath, Elisabeth: Heinz Fischer - Die Biografie, Verlag Kremayr & Scheriau, Wien 2009, ISBN 3-218-00805-0

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Heinz Fischer – Biller, Videoen oder Audiodateien