Boutros Boutros-Ghali

Vu Wikipedia
Boutros Boutros-Ghali
Gebuer 14. November 1922
Kairo
Gestuerwen 16. Februar 2016
Nationalitéit Egypten
Educatioun Universitéit vu Kairo,
Institut d'études politiques de Paris,
Universitéit Panthéon-Sorbonne
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Schrëftsteller, Jurist, Universitéitsprofesser
Partei Arabesch Sozialistesch Unioun
Member vun Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Académie des sciences morales et politiques

De Boutros Boutros-Ghali (Arabesch: بطرس بطرس غالي), gebuer de 14. November 1922 zu Kairo an och do de 16. Februar 2016 gestuerwen, war en egypteschen Diplomat a Politiker. Hie war vum Januar 1992 bis den Dezember 1996 de sechste Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen.

De Boutros-Ghali huet op der Universitéit Kairo (Bachelor) an um Institut d'études politiques de Paris Droit, resp. Internationalen Droit studéiert, an do 1949 mat engem Doktorat ofgeschloss. Tëscht 1949 an 1977 war hie Professer op der Universitéit Kairo.

1977 gouf hie Staatsminister am Aussenministère, wou hie sech fir e Separatfridden tëscht Egypten an Israel agesat huet. Hie war e geschéckerlechen Diplomat, a war ee vun den Architekte vum Accord vu Camp David vun 1979. Am Mee 1991 gouf hie stellvertriedenden Ausseminister ënner dem Amr Musa. Och a verschiddene Konflikter an Afrika huet hie gehollef, eng Léisung ze fannen.

Den 3. Dezember 1991 gouf de Boutros-Ghali vun der Vollversammlung vun de Vereenten Natiounen (UNO) zum Generalsekretär gewielt an huet den 1. Januar 1992 seng Fonctioun ugetrueden. Den 31. Dezember 1996 ass déi ofgelaf, nodeems en, net zulescht wéinst engem Veto vun den USA, net méi erëmgewielt gi war.

Dono war hie vun 1997 bis 2002 Generalsekretär vun der Internationaler Organisatioun vun der Francophonie, an ë. a. och President vum Curatoire vun der Haager Akademie fir Vëlkerrecht.

Hien huet iwwer 100 Artikelen an eng ganz Rëtsch Bicher publizéiert.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Auswiel, an däitscher Iwwersetzung

  • Boutros Boutros-Ghali: Hinter den Kulissen der Weltpolitik. Discorsi, Hamburg Oktober 2000, ISBN 3-9807330-0-9
  • Boutros Boutros-Ghali: Wider die Tyrannei der Dringlichkeit. Discorsi, Hamburg Januar 2001, ISBN 3-9807330-1-7

Um Spqweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Boutros Boutros-Ghali – Biller, Videoen oder Audiodateien