Trygve Lie

Vu Wikipedia
Trygve Lie
Gebuertsnumm Trygve Halvdan Lie
Pseudonym Rodney Witherspoon
Gebuer 16. Juli 1896
Oslo
Gestuerwen 30. Dezember 1968
Geilo
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Norwegen
Educatioun Universitéit Oslo
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Jurist, Affekot
Member vun American Academy of Arts and Sciences

Den Trygve Halvdan Lie gebuer de 16. Juli 1896 zu Oslo, a gestuerwen den 30. Dezember 1968 zu Geilo) war en norwegeschen Affekot, Politiker an den éischte Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen.

De Sozialdemokrat gouf 1936 Justizminister an dräi Joer méi spéit Handelsminister vun Norwegen. Tëscht 1941 a 1945 war hien Ausseminister an der norwegescher Exilregierung zu London.

Den 1. Februar 1946 gouf de Lie zum éischten UNO-Generalsekretär gewielt. Als Sozialdemokrat aus engem westleche Staat war hien e Kandidat dee souwuel fir d'Sowjetunioun wéi och fir déi aner Membere vum UNO-Sécherheetsrot akzeptabel war. Nawell sollt hien et a senge Joren als Generalsekretär net liicht kréien. D'weltpolitesch Situatioun huet sech an dësen Ufankszäite vum Kale Krich séier verännert an Ost wéi West hu probéiert d'UNO fir hir Zwecker z'instrumentaliséieren. Sou ass et beispillsweis ëmmer erëm zu Konflikter ëm d'Fro vum Sëtz am Sécherheetsrots vun Taiwan als chineesesche Representant komm.

Mä de Lie hat als Generalsekretär och Succèsen ze verbuchen: d'Allgemeng Deklaratioun vun de Mënscherechter (10. Dezember 1948) an de Réckzuch vun der Sowjetunioun aus dem Iran (6. Mee 1946).

1950 gëtt de Sécherheetsrot den USA - an absënns vun der UdSSR - den Accord militäresch an de Koreakrich anzegräifen. Nodeem de Lie net gewëllt ass dogéint Positioun ze bezéien, ass hien an den Ae vum Stalin als Generalsekretär net méi supportabel.

De Lie gëtt 1951 zwar erëmgewielt (géint de Wëlle vun der UdSSR), demissionéiert awer schonn ee Joer drop aus Frustratioun iwwer dat politescht Gedeessems ëm seng Positioun.

Hie geet zeréck an d'norwegesch Politik an ass vun 1963 bis 1964 Industrieminister an tëscht 1964 an 1965 nees Handelsminister.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Trygve Lie – Biller, Videoen oder Audiodateien