Bailly (Moundkrater)
|
| |
| Koordinaten | 66°48'S, 68°54'W |
|---|---|
| Duerchmiesser | 300,56 km |
| Déift | 4.130 m |
| Selenographesch Längt | 65° bei Sonnenopgank |
| Genannt no | J. S. Bailly |
| Genannt am Joer | 1935 |
| Moundvéiereck | LQ30 |

De Moundkrater Bailly ass mat 300 km Duerchmiesser eng vun de gréisste Rankbierger um Äerdmound. Si ass nom franséischen Astronom a Paräisser Buergermeeschter Jean-Sylvain Bailly (1736–1793) genannt, deen d'Drëpsephenomeen beim Venusduerchgang entdeckt hat.
De kreesronne Krater läit no beim südwestleche Moundrand, soudatt e bei gëeegentem Liichtafall als ganz schmuel Ellips (ongeféier 1:10) erschéngt, an där méi kleng Sekundärkratere leien. Wann e bei extreemer Libratioun nach méi no bei de Moundrand réckelt, ass en am Kraterduerchenee vum Héichland heiansdo net auszemaachen, bei gënschteger Libratioun och nëmmen am Verhältnes 1:4 verzunn.
De Grousskrater ass nëmmen ongeféier 20° vum Südpol ewech, déi selenographesch Breet vun der Kratermëtt ass 66° 31' Süd, an d'Längt ass 69° 32' West.
| Buschtaf/Numm | Positioun | Duerchmiesser | Link |
|---|---|---|---|
| A | 69,26° S, 59,66° W | 43 km | |
| B | 68,73° S, 63,24° W | 62 km | |
| C | 65,8° S, 70,31° W | 19 km | |
| D | 65,24° S, 72,39° W | 27 km | |
| E | 62,5° S, 65,81° W | 14 km | |
| F | 67,46° S, 69,63° W | 17 km | |
| G | 65,66° S, 59,57° W | 19 km | |
| H | 63,62° S, 62,71° W | 12 km | |
| K | 62,73° S, 76,71° W | 19 km | |
| L | 60,75° S, 71,09° W | 21 km | |
| M | 61,16° S, 67,58° W | 21 km | |
| N | 60,55° S, 63,65° W | 10 km | |
| O | 69,58° S, 56,99° W | 19 km | |
| P | 59,57° S, 60,65° W | 14 km | |
| R | 64,64° S, 79,03° W | 17 km | |
| T | 66,57° S, 74,04° W | 19 km | |
| U | 71,24° S, 76,1° W | 23 km | |
| V | 71,91° S, 81,45° W | 32 km | |
| Y | 61,05° S, 65,6° W | 14 km | |
| Z | 60,22° S, 65,86° W | 13 km |
Kuckt och
[Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Bailly – Biller, Videoen oder Audiodateien |