Balboa (Moundkrater)
Ausgesinn
|
| |
| Koordinaten | 19°14'24"N, 83°18'36"W |
|---|---|
| Duerchmiesser | 69,2 km |
| Déift | 2.140 m |
| Genannt no | Vasco Núñez de Balboa |
| Genannt am Joer | 1964 |
| Moundvéiereck | LQ10 |
De Balboa ass en Aschlagkrater um nordwestleche Bord vun der viischter Moundsäit an um westleche Bord vum Oceanus Procellarum, nërdlech vum Nopeschkrater Dalton a südwestlech vum Moundktater Struve. De Kraterrand ass staark erodéiert mat Brochrille bannen dran. De Krater gouf 1964 vun der IAU nom spueneschen Entdecker Vasco Núñez de Balboa genannt.
| Balboa | Breetegrad | Längtegrad | Duerchmiesser |
|---|---|---|---|
| A | 17.4° N | 81.9° W | 47 km |
| B | 20.3° N | 82.3° W | 62 km |
| C | 19.6° N | 79.1° W | 27 km |
| D | 18.2° N | 79.7° W | 40 km |