Bellot (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Bellot
Bellot (uewen an der Mëtt) an Ëmgéigend (LROC-WAC)
Koordinaten 12°28'48"S, 48°11'24"O
Duerchmiesser 17,5 km
Déift 2.230 m
Selenographesch Längt 312° bei Sonnenopgank
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ21

De Bellot ass e klengen Aschlagkrater um südwestleche Rand vum Mare Fecunditatis. E läit tëscht de Kratere Goclenius am Nordwesten a Crozier am Südosten. Am Südwesten zeechent sech de Krater Colombo of an am Westen erkennt een de Krater Magelhaens.

De Bellot ass kreesronn a schosselfërmeg an déi bannenzeg Kraterwänn falen duuss op de relativ klenge Kraterbuedem erof. De Kraterbuedem huet méi eng héich Albedo wéi d'Uewerfläch vun der Ëmgéigend.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
A 13,21° S, 47,6° O7 8 km [1]
B 13,58° S, 47,68° O7 7 km [2]

De Krater gouf 1935 vun der I.A.U. nom franséische Polarfuerscher Joseph-René Bellot (1826-1853) genannt.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]