Magelhaens (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Magelhaens
De Krater Magelhaens (uewe lénks) an Ëmgéigend
(LROC-WAC)
Koordinaten 11°58'48"S, 44°4'12"O
Duerchmiesser 37,2 km
Déift 1700 m[1]
Selenographesch Längt 316° bei Sonnenopgank
Genannt no Ferdinand Magellan
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ20
Magelhaens (Bildmëtt) an Magelhaens A (lénkse Rand Mëtt) Foto: Apollo 8 (NASA)

De Magelhaens ass en Aschlagkrater um südwestlechen Ufer vum Mare Fecunditatis am ëstlechen Deel vun der viischter Moundsäit. Hie läit süd-südwestlech vum Krater Goclenius ongeféier op hallwem Wee tëscht de Kratere Gutenberg am Nordweste an Colombo am Südosten.

De baussenzege Rand vum Magelhaens ass schmuel an onreegelméisseg a wäit ewech vu ronn. Op der südëstlecher Säit schléisst sech de Satellittekrater 'Magelhaens A' un. De Kraterzentrum ass duerch basaltesch Lava iwwerschwemmt, déi dem Kraterbuedem déi selwecht donkel Faarf wéi d'Mare am Nordoste gëtt. Doriwwer eraus bilt hien eng glaat Fläch ouni besonnesch Kennzeechen.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
A 12,73° S, 44,95° O7 30 km [1]

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Magelhaens – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. John Edward Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge Univ. Press, Cambridge 2000, ISBN 0-521-59002-7, S. 279