Gutenberg (Moundkrater)
Ausgesinn
| Moundkrater Gutenberg | |
|---|---|
De Moundkrater Gutenberg, eng Foto vun Apollo 16 | |
| Eegenschaften | |
| Breet | -8,67° S |
| Längt | 41,17° O |
| Duerchmiesser | 69,45 km |
| Déift | 2,3 km |
| Selenographesch Längt | 318° bei Sonnenopgank |
| Genannt nom | Johannes Gutenberg (um 1400–1468) |
| Genannt am Joer | 1935 |
De Gutenberg ass en Aschlagkrater op der viischter Moundsäit.
De Krater läit widder der westlecher Flank vum Mare Fecunditatis. Déi nächst Nopere sinn d'Kratere Goclenius, Magelhaens a Colombo.
De Kraterrand ass staark erodiert, besonnesch am Osten, wou e vum Krater Gutenberg E iwwerlagert gëtt.
De Buedem vum Gutenberg a vum Gutenberg E goufe vu Lava aus dem Mare iwwerschwemmt. De Buedem vum Gutenberg gëtt von zwéi Grief duerchzunn, déi en Deel vun der Rimae Goclenius sinn.
| Buschtaf/Numm | Positioun | Duerchmiesser | Link |
|---|---|---|---|
| A | 9,04° S, 39,88° O | 15 km | |
| B | 9,14° S, 38,29° O | 14 km | |
| C | 10,04° S, 41,13° O | 45 km | |
| D | 11,01° S, 42,82° O | 20 km | |
| E | 8,25° S, 42,41° O | 28 km | |
| F | 10,25° S, 42,59° O | 7 km | |
| G | 6,09° S, 40,02° O | 31 km | |
| H | 6,77° S, 39,04° O | 5 km | |
| K | 7,32° S, 40,8° O | 6 km |
