Berzelius (Moundkrater)
Ausgesinn
|
De Krater Berzelius (LROC-WAC) | |
| Koordinaten | 36°33'18"N, 50°56'47"O |
|---|---|
| Duerchmiesser | 48,5 km |
| Déift | 1.700 m |
| Selenographesch Längt | 310° bei Sonnenopgank |
| Genannt no | Jöns Jakob Berzelius |
| Moundvéiereck | LQ05 |
De Berzelius ass en Aschlagkrater op der nordëstlecher viischter Moundsäit, südëstlech vum Krater Cepheus an nordwestlech vum grousse Krater Geminus. D'Ramplie si relativ staark erodéiert. De Kraterbuedem ass zimmlech flaach.
| Buschtaf/Numm | Positioun | Duerchmiesser | Link |
|---|---|---|---|
| A | 36,71° N, 48,84° O | 9 km | |
| B | 32,29° N, 43,1° O | 26 km | |
| F | 32,81° N, 45,99° O | 12 km | |
| K | 35,54° N, 47° O | 6 km | |
| T | 36,22° N, 47,94° O | 9 km | |
| W | 38,13° N, 53,11° O | 6 km |
De Krater gouf 1935 vun der I.A.U. nom schweedesche Medezinner a Cheemiker Jöns Jacob Berzelius genannt.