Blanchard (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Blanchard
De Krater Blanchard (Foto: Lunar Orbiter 4)
Koordinaten 58°15'0"S, 93°30'0"W
Duerchmiesser 37,5 km
Selenographesch Längt 95° bei Sonnenopgank
Genannt no Jean-Pierre Blanchard
Genannt am Joer 1991
Moundvéiereck LQ25


De Blanchard ass en Aschlagkrater op der äerdofgedréiter Säit vum Äerdmound, knapps hanner dem südwestleche Rand. Hie läit tëscht dem Krater Pilâtre am Südosten an dem Krater Arrhenius an nord-nordwestlecher Richtung. Weider no Süden erstreckt sech den erodéierten Terrain nërdlech vun der flaacher Rankfläch vum Krater Hausen.

De Kraterrand vum Blanchard ass ofgerënnt an erodéiert an huet an nordëstlecher Richtung eng liicht Verlängerung. An der nordwestlecher Kraterwand ass eng Bresch, déi vum de Satellittekrater Blanchard P verursaacht gouf. Am Rescht vum Kraterrand, haaptsächlech am südëstleche Beräich, sinn en ettlech Grief déi vun Aschléi hierkommen. Déi béid Kratere si sou gutt wéi matenee verschmollt a se deele sech e kollektive Kraterbuedem, deen net ganz flaach ass, awer och keen Zentralbierg oder aner opfälleg Kennzeechen huet.

De Krater gouf am Joer 1991 vun der I.A.U. nom franséische Ballonfuerer Jean-Pierre Blanchard (1753–1809) genannt.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]