Bernoulli (Moundkrater)
Ausgesinn
De Moundkrater Bernoulli, opgeholl vun Lunar Orbiter 4 | |
Koordinaten | 34°55'48"N, 60°36'36"O |
---|---|
Duerchmiesser | 47 km |
Déift | 4000 m |
Selenographesch Längt | 300° bei Sonnenopgank |
Genannt am Joer | 1935 |
Moundvéiereck | LQ06 |
De Bernoulli ass en Aschlagkrater am nordëstleche Quadrant vum Äerdmound. Hie läit südlech vum Moundkrater Messala an ëstlech vum Krater Geminus.
De Rand vum Bernoulli ass bis op liicht Abuchte laanscht den Ëmfang bal kreesfërmeg. An der südlecher Kratermauer existéiert eng Däll, déi op eng dräieck Bucht vum Kraterrand féiert. De Kraterrand ass op der Ostsäit am héchsten a geet do bis op 4000 Meter erop. An der Mëtt vum Kraterbuedem ass en Zentralbierg.
Bernoulli | Breetegrad | Längtegrad | Duerchmiesser |
---|---|---|---|
A | 36.4° N | 60.9° O | 22 km |
B | 36.9° N | 65.6° O | 22 km |
C | 35.3° N | 67.2° O | 19 km |
D | 35.7° N | 66.5° O | 12 km |
E | 35.3° N | 63.0° O | 26 km |
K | 36.7° N | 62.7° O | 20 km |