Quadrant (Koordinaten)

Vu Wikipedia
Déi véier Quadrante vun engem Koordinatesystem

De Quadrant (Véirel) ass een Ofschnëtt vun engem Plang dee vun zwou Koordinatenachse begrenzt gëtt, woubäi d'Punkten op de Grenzachsen an der Reegel zu kengem Quadrant gehéieren.

No de Konventioune gëtt den éischte Quadrant riets uewen gezeechent. An engem Kartesesche Koordinatesystem gi se géint den Auerzäresënn mat I, II, III, IV resp. 1, 2, 3, 4 bezeechent. E Punkt am éischte Quadrant huet dann all Kéier positiv Koordinaten.

Et sinn awer och aner Andeelunge gebräichlech.

Quadrant I II III IV
x-Koordinate > 0 < 0 < 0 > 0
y-Koordinate > 0 > 0 < 0 < 0

Bezuch op d'Trigonometrie[änneren | Quelltext änneren]

An der Trigonometrie hänken d'Virzeeche vun de Wénkelfunktioune Sinus, Cosinus, Tangens resp. Cotangens an hir 360°-Perioden dovun of, bis a wéi eng Quadranten de Wénkel sech prolongéiert:

Quadrantentabell
 
1. Quadrant 0–90° + + + +
2. Quadrant 90–180° +
3. Quadrant 180–270° + +
4. Quadrant 270–360° +


All trigonometresch Wénkelfunktioune huet an zwéi Quadrante dat selwecht Virzeechen. Dofir ass dat Urbild vum Wäert enger trigonometrescher Funktioun, z. B. vum Sinus méideiteg. Well kann aus engem Wénkel α am 3. oder 4. Quadrant, also π < α < 2 • π respektiv. 180° < α < 360° resultéieren.

Eng Quadrantentabell – resp. eng entspriechend Offro an engem PC-Programm – ass an der Geodesie oder Navigatioun ëmmer noutwendeg, fir aus Koordinate vun zwéi Punkte d'Richtung (den Azimut, de Kurs) ze berechnen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]