Brackett (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Brackett
Brackett (riets) mat der Rimae Plinius (ënnen) an Dorsum Nicol (lénks; Norden uewen; Foto: Apollo 17)
Koordinaten 17°50'24"N, 23°32'24"O
Duerchmiesser 8,87 km
Déift 310 m
Selenographesch Längt 337° bei Sonnenopgank
Genannt no Frederick S. Brackett
Genannt am Joer 1973
Moundvéiereck LQ20


De Brackett ass e klengen Aschlagkrater no beim südëstleche Rand vum Mare Serenitatis. Et ass e sougenannte Geeschterkrater, dee vun engem Lavastroum iwwerdeckt gouf a sech nëmmen als rankfërmeg Spuer bannenzeg vum Mare weist. Am einfachste kann een e bei schréiem Liichtafall observéieren, well e soss schwéier ze fannen ass. Säi südleche Rand beréiert bal d'Rillesystem vun der Rimae Plinius. Am Weste verleeft den Héichtebockel vum Dorsum Nicol no Norden.

De Krater gouf 1973 vun der I.A.U. nom US-amerikanesche Physiker Frederick Sumner Brackett (1896–1988) genannt.

D'Ëmgéigend vum Brackett (LROC-WAC)
D'Ëmgéigend vum Brackett (LROC-WAC)

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]