Bilharz (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Bilharz
De Moundkrater Bilharz
Koordinaten 5°49'48"S, 56°20'24"O
Duerchmiesser 44,55 km
Déift onbekannt
Selenographesch Längt 304° bei Sonnenopgank
Genannt am Joer 1976
Moundvéiereck LQ21


De Bilharz ass en Aschlagkrater op der viischter Moundsäit. Hie läit am ëstlechen Deel vum Mare Fecunditatis, nordwestlech vum opfalende Krater Langrenus. Et ass de gréisste Krater vun enger Dräiergrupp, déi hie mam Atwood am Osten an dem Naonobu am Nordoste mécht. Si goufe fréier als Satellittekrater vum Langrenus ugesin.

Dat Bannenzegt vum Bilharz gouf vu basaltescher Lava iwwerschwemmt, déi e flaache Kraterbuedem mat kenge weidere Markéierungen ausser e puer Mikrokrater zeréckgelooss hat. Ee zentrale Bierg oder Hiwwel feelt. De Kraterrand ass kreesfërmeg a weist nëmme liicht Erosiounsspueren.

De Krater gouf als Langrenus F bezeechent, ier hien am Joer 1976 vun der IAU säin aktuelle Numm krut.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]