Bessel (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Bessel
Koordinaten 21°43'48"N, 17°55'12"O
Duerchmiesser 15,6 km
Déift 1.770 m
Selenographesch Längt 342° bei Sonnenopgank
Genannt no Friedrich Wilhelm Bessel
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ12


De Bessel ass e klengen Aschlagkrater op der Südhallschent vum Mare Serenitatis, nordnordëstlech vum Krater Menelaus op der viischter Moundsäit. De klenge Krater, läit komplett am Mare dran.

De kreesronne, schosselfërmege Krater huet op sengem Kraterrand eng méi héich Albedo wéi op sengem Ëmfeld. De Rand huet keng bemierkenswäert Erosiounsspueren, an och den Zentrum vum Krater huet, ofgesi vun e puer ofgerutschte Ramplien, keng opfälleg Kennzeechen.

Op der westlecher Flank gëtt de Bessel vun enger grousser Stralestruktur passéiert, déi vun Nord no Süd iwwer d'Uewerfläch vum Mare leeft an däitlech vum Tycho ausgeet.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
D 27,33° N, 19,85° O7 5 km [1]
F 21,25° N, 13,83° O7 630 m [2]
G 21,13° N, 14,73° O7 1 km [3]
H 25,68° N, 19,99° O7 4 km [4]

D'Niewekratere Bessel A a B hu vun der I.A.U. en eegenen Numm kritt: De Bessel A heescht elo Sarabhai an de Bessel E heescht elo Bobillier.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bessel – Biller, Videoen oder Audiodateien