Clavius (Moundkrater)
Ausgesinn
| Clavius | |
|---|---|
| Eegenschaften | |
| Breet | -58,55° S |
| Längt | -14,8° W |
| Duerchmiesser | 230,77 km |
| Déift | 3.500 m |
| Selenographesch Längt | 15° bei Sonnenopgank |
| Genannt nom | Christophorus Clavius |
| Krut säin Numm am Joer | 1935 |
De Clavius ass e groussen Aschlagkrater um südlechen Héichland op der viischter Äerdmoundsäit. Hie gouf nom däitsch-italieenesche Mathematiker a Jesuitten-Astronom Christophorus Clavius (1537/1538–1612) genannt.
De Krater huet en Duerchmiesser vun ongeféier 225 km. A sengem Zentrum si vill Kratere vu verschiddener Gréisst, vun deene sech déi kleng fir d'Préiwe vum Opléisungsverméigen vun Amateurteleskopen eegnen. Opfälleg ass déi hallefkreesfërmeg Glidderung, déi mam Krater Rutherfurd (48 x 54 km) op dem südleche Kraterrand vum Clavius ufänkt a vun do mat den ëmmer méi klenge Kratere Clavius D, C, N, J a JA weidergeet. Am Nordoste gëtt de Claviuskraterrampli vum 52 km grousse Krater Porter ënnerbrach.
| Buschtaf/Numm | Positioun | Duerchmiesser | Link |
|---|---|---|---|
| C | 57,71° S, 14,33° W | 22 km | |
| D | 58,79° S, 12,54° W | 28 km | |
| E | 51,49° S, 12,83° W | 16 km | |
| F | 55,44° S, 22,2° W | 7 km | |
| G | 52,03° S, 14,13° W | 17 km | |
| H | 51,84° S, 15,92° W | 33 km | |
| J | 58,15° S, 18,31° W | 12 km | |
| K | 60,44° S, 20° W | 18 km | |
| L | 58,78° S, 21,44° W | 22 km | |
| M | 54,76° S, 11,85° W | 45 km | |
| N | 57,55° S, 16,64° W | 13 km | |
| O | 56,97° S, 16,8° W | 4 km | |
| P | 56,95° S, 7,61° W | 11 km | |
| R | 53,24° S, 15,56° W | 8 km | |
| T | 60,68° S, 15,44° W | 8 km | |
| W | 55,98° S, 16,37° W | 5 km | |
| X | 60,23° S, 18° W | 7 km | |
| Y | 58,02° S, 16,38° W | 7 km |
Kuckt och
[Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Clavius – Biller, Videoen oder Audiodateien |
