Christophorus Clavius
| Christophorus Clavius | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
25. Mäerz 1538 jul. Bamberg |
| Gestuerwen |
6. Februar 1612 Roum |
| Nationalitéit | Däitschland |
| Educatioun | Universidade de Coimbra |
| Aktivitéit | Mathematiker, Astronom |
|
| |
De Christophorus Clavius, gebuer 1537/1538 zu Bamberg, a gestuerwen am Joer 1612 zu Roum, war en däitsche Mathematiker a Jesuittepater vum 16. Joerhonnert. Vu sengen Zäitgenossen ass hie „Kinnek vun de Mathematiker“ genannt ginn. Berüümt gouf hien duerch déi vun him ausgeschaffte Kalennerreform als Member vum Vatikanobservatoire - deem nom Poopst Gregor XIII. genannte Gregorianesche Kalenner.
Säi Liewen
[änneren | Quelltext änneren]De Clavius ass 1555 an de Jesuittenuerden agetrueden a krut do eng Ausbildung. Um Collegio Romano zu Roum studéiert hien Theologie a léiert duerno fir de Rescht vu sengem Liewe Mathematik. De Clavius verfaasst verschidde Mathematiksbicher an dréit sou zu der Verbreedung vun der Mathematik bäi.
No him ass d'Clavius-Gymnasium zu Bamberg an de Moundkrater Clavius genannt.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Christopher Clavius – Biller, Videoen oder Audiodateien |
