Gregor XIII.

Vu Wikipedia
De Gregor XIII., Portrait vun der Lavinia Fontana.
Wope vum Poopst Gregor XIII.

De Gregor (respektiv Grégoire) XIII., biergerlech Ugo Boncompagni, gebuer de 7. Januar 1502 zu Bologna a gestuerwen den 10. Abrëll 1585 zu Roum, war vu 1572 bis 1585 Poopst.

De Gregor XIII. gouf 1539 Geeschtlechen. 1558 gouf e Bëschof vu Vieste a 1565 Kardinol. Den 13. Mee 1572 gouf en am Konklav a manner wéi 24 Stonnen zum Poopst gewielt. Den Numm "Gregor", dee schonn 150 Joer net méi am Gebrauch war, huet en erausgesicht, well en um Festdag vum hellege Gregor I. zum Kardinol ernannt gi war.

De Gregor XIII. huet de Vatikanobservatoire gegrënnt a sech fir den Ausbau vum Jesuittekolléisch Collegio Romano agesat (dee spéiderhin a Peepstlech Universitéit Gregoriana ëmgenannt gouf). Hien huet sech drëms beméit, déi Territoiren, déi de Kierchestaat verluer hat, nees erëmzegewannen, a war eng zentral Figur vun der Géigereformatioun.

Bekannt ass en haut awer virun allem fir seng Kalennerreform.  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Gregorianesche Kalenner.

Hie war de Papp vum Giacomo Boncompagni.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gregor XIII. – Biller, Videoen oder Audiodateien