Op den Inhalt sprangen

Vatikanobservatoire

Vu Wikipedia
Teleskopkuppel um Castel Gandolfo (2008). Déi laténgesch Schrëft bedeit Kommt, a biet Gott de Schöpfer un

De Vatikanobservatoire (it. Specola Vaticana) ass d'astronomesch Fuerschungs- a Bildungsinstitutioun vum Hellege Stull. Den Institutszentrum ass zu Castel Gandolfo an den Albaner Bierger südlech vu Roum. D'Fuerschungsariichtunge sinn zanter 1981 an d'University of Arizona verluecht ginn. Mat der Fuerschungsariichtung VATT (Vatican Advanced Technology Telescope) gëtt zanter 1993 um Mount Graham bei Safford am Arizona an den USA en eegenen Observatoire bedriwwen, dee mat engem 1,8-Meter-Teleskop schafft.

De Vatikaneschen Observatoire ass als Institutioun eng vun den eelste Fuerschungsplaze vun der Astronomie, där hir Geschicht mam Bau vum Wandtuerm 1578 ugefaangen huet.

Den Angelo Secchi.
De Christophorus Clavius

D'Institut gouf an der zweeter Hallschent vum 16. Joerhonnert am Kader vun der gregorianescher Kalennerreform a fir d'Iwwerpréiwe vum Kalenner vum Poopst Gregor XIII. gegrënnt. Vu 1578 un hat de Gregor XIII. de Wandtuerm opriichte gelooss an de jesuitteschen Astronomen a Mathematiker vum Collegio Romano fir déi mat der Kalennerreform verbonnen Aarbechten zur Dispositioun gestallt.

De Christophorus Clavius SJ war als Haaptmathematiker um Collegio Romano a fachlech Verantwortleche fir d'gregorianesch Kalennerreform de facto den éischten Direkter vum Observatoire, och wa keng offiziell Ernennung bekannt ass. 1612 koum no him de Christoph Grienberger SJ op de Mathematik-Léierstull um Collegio Romano an och op seng Plaz am Observatoire. Schonn ëm 1610, kuerz no der Erfindung vum Refrakter, hat hien do déi Däitsch Montéierung entwéckelt.

Am 18. Joerhonnert gouf op dem Palazzo del Collegio Romano e méi héijen a mat besseren Instrumenter ausstafféierten Tuerm gebaut, dee vu 1774 un offiziell dem Poopst säin Observatoire war. An de kommende Joerzéngten huet d'astronomesch Fuerschung ënner dem Pater Angelo Secchi en éischten Héichpunkt erreecht. De Secchi hat sech dobäi op d'Sonnefuerschung konzentréiert an hien huet als Weebereeder vun der Spektralanalys gegollt.

A Fortsetzung vun der Traditioun gouf de 14. Mäerz 1891 mam Leo XIII. sengem Motu Proprio Ut mysticam en neien Observatoire um Vatikanhiwwel hanner der St.-Peter-Basilika gebaut. Dat war noutwendeg ginn, well no der Ariichtung vum Kierchestaat duerch dat neit Kinniksräich Italien 1870 och de Palazzo del Collegio Romano agezu gouf. Den Neibau war ënner der Leedung vum Barnabitepater Francesco Denza erfollegt. Mat Personal aus verschiddene reliéisen Uerden (Barnabiter, Oratorianer, Agostinianer, Jesuitten) huet den Observatoire sech haaptsächlech un engem groussen internationale Programm fir d'Erstellung vun enger fotografescher Himmelskaart bedeelegt. Well d'Liichtverschmotzung ze grouss gouf, gouf den Institut du vum Popst Pius XI. op Castel Gandolfo 25 km südëstlech vu Roum verluecht. Do huet d'Fuerschung 1930 mat zwéin neien Teleskopen an engem astrophysikalesche Laboratoire ugefaangen ë. a. mat enger Ariichtung fir Astrospektroskopie. 1957 koum dunn d'Installatioûn vun engem wäitwénklege Schmidt-Teleskop fir d'Klassifizéierung vu Stären an hire Spektren derbäi.

Vun 1981 un, gouf de Fuerschungsdeel vum Institut vun hirem Leeder George Coyne an Arizona op d'Universitéit verluecht. D'Vatican Observatory Research Group schafft do an engem vun de modernsten Zentre vun der Astronomie, wou 1993 mam Opbau vum Vatican Advanced Technology Telescope ugefaange gouf. D'Institut ass och um Large Binocular Telescope an direkter Géigend vum VATT bedeelegt. Den aktuellen Direkter ass de Guy Joseph Consolmagno SJ, deen den 18. September 2015 de José Gabriel Funes SJ am Amt ofgeléist hat.

Fuerschungsthemen an Observatiounsbau

[änneren | Quelltext änneren]

Den Observatoire a seng Fuerschungen hu bis haut – och am Zäitalter vun de Groussteleskopen – e gudde Ruff. D'Haaptaarbechtsgebidder leien an der Astrophysik (ë. a. Expansioun vum Weltall, Donkel Matière, Donkel Energie, Verännerlecher, Nova-Stären, Planetologie, Quasaren, Kugelstärekéip, Acceleratioun vum Universum). E besonnesche Schwéierpunkt läit op interdisziplinäre Fuerschungen (Astronomie - Physik - Philosophie - Theologie).

Den alen Observatiounsbau vun 1930 zu Castel Gandolfo huet zwou Kuppelen („Specola“) mat en ettlechen Teleskopen aus den 1950er-Joren an engem 60-cm-Schmidtspigel, déi awer vereelzt sinn. Dofir bedreift den Institut d'Vatican Observatory Research Group op der University of Arizona an zousätzleche Kooperatioune mat aneren Observatoiren, virun allem an den USA. Fir d'galaktesch an d'Stellarastronomie waren a sinn e groussen Duebelastrograf an e Speziallaboratoire fir Astrophysik ganz wichteg (besonnesch fir d'Spektralanalys: kuckt Angelo Secchi).

Wëssenschaftlech Symposien

[änneren | Quelltext änneren]

Zu de ville geeschtesch- an naturwëssenschaftleche Symposien (ë. a. iwwer d'Evolutioun, Astrophysik, den Urknall an d'Kosmologie, Wëssenschaft a Relioun), déi vum Vatikaneschen Observatoire organiséiert goufen, hat fir d'lescht eng international Konferenz am Joer 2006 gezielt, mat Theemen iwwer Schwaarz Lächer an aktiv galaktesch Kären.

Zanter 1986 sinn all zwee Joer eng intensiv Summerschoul fir Studenten, d'Summer School in Astronomy and Astrophysics, déi véier Wochen dauert. E gudden Deel vun de Nolauschterer kommen aus Entwécklungslänner, deenen de Vatikan och Fachkontakter vermëttelt.

Den Observatoire organiséiert all Joer international Kolloquen iwwer méiglech Bezéiungen tëscht theologeschen an naturwëssenschaftleche Gebidder, beispillsweis

Bekannt vatikanesch Astronomen

[änneren | Quelltext änneren]

Zu de ville bekannte Wëssenschaftler, déi an der Vatikan astronomesch Fuerschung bedriwwen hunn, gehéiere virun allem naturwëssenschaftlech-philosophesch gebilt Jesuitten – beispillsweis:

Portal Astronomie