Vatican Advanced Technology Telescope

Vu Wikipedia
Gebai vum VATT, lénks d'Kuppel vum Teleskop

De Vatican Advanced Technology Telescope, kuerz VATT, ass e Gregory-Teleskop mat engem Duerchmiesser vun 1,8 Meter, dee fir visuellt an infrarout Liicht zweckméisseg ass. Hie steet um Mount Graham, am Südoste vun Arizona an enger Héicht vun 3178 Meter. Hien ass en Deel vum Mount Graham International Observatory a gehéiert zum Observatoire vum Vatikan a Partnerschaft mat der University of Arizona. D'Teleskop gouf gréisstendeels duerch Spenden vum Fred an Alice P. Lennon souwéi vum Thomas J. Bannan finanzéiert. Fäerdeggestallt gouf et am Joer 1993 (Éischt Liicht).

Den Haaptspigel vum Teleskop huet eng Brennwäit, déi dem Duerchmiesser entsprécht, soudatt sech trotz dem Gregory-Opbau eng kompakt Bauform ergëtt. Un d'Teleskop ass de VATT CCD Imager - Vatt4k, en CCD-Bildsensor mat 4064 × 4064 Pixel ugeschloss, deen eng Himmelsregioun vun 12,5 × 12,5 Bouminutten opzeechent. Filter fir interessant Spektralberäicher kënnen tëschegeschalt ginn.

D'Teleskop gëtt haaptsächlech fir Astrofotografie a Photometrie agesat. Wichteg Resultater sinn:

Optescht System Aplanatische Gregorian f / 9
Brennwäit 16.48 m
Haaptspigel f/1.0, Duerchmiesser 1.83 m
Sekundärspigel f/0.9, Duerchmiesser 0.38 m

(Focus Control: 0.1 micrometer)

Siichtfeld 72 mm (15')
Moossstaf 12.52 "/mm
Bildqualitéit 0.1 ' - 6.8 "
Montéierung Alt-Az + Derotater

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]