Transneptuneschen Objet

Vu Wikipedia
Schematesch Duerstellung vun der Objeteverdeelung um Rand vum Sonnesystem, d'Distanze vun der Sonn an AE (waagerecht Achs) ass géint d'Bunneschréi (senkrecht Achs) ofgedroen. (giel: Zentauren, rout: resonant KBOs, blo: Cubewanos, gro: SDOs)

Als transneptuneschen Objet (TNO) bezeechent een en Himmelskierper, dee sech baussenzeg vun der Neptunëmlafbunn, ëm d'Sonn beweegt.

Well ugeholl gëtt, datt déi meescht TNO an der Kuiperceinture sinn, gëtt de Begrëff Kuiperceintureobjet (KBO, och Kuiper Belt Object) och synonym fir transneptuneschen Objet gebraucht. Bis 2011 waren e puer honnert TNO bekannt, et gëtt awer nach e puer zéngdausend Objeten ugeholl, mat engem Duerchmiesser vun iwwer 100 km.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1900 bis 1930 stoung d'Wuert „Transneptun“ fir en hypotheteschen néngte Planéit, dee fälschlecherweis, fir kleng Bunnstéierunge vun de Planéiten Uranus an Neptun verantwortlech gemaach gouf. De Marsfuerscher Percival Lowell (18551916) hat laang selwer duerno gesicht an dofir de Lowell-Observatoire bei Flagstaff finanzéiert.

Dee schliisslech den 18. Februar 1930 entdeckte Pluto war den eenzegen transneptuneschen Objet, deen de Status vun engem Planéit krut – dëse Status gouf op en Zwergplanéit zeréckgesat. Géint 1950 ass dann no engem Transpluto gesicht ginn. 1977 ass no der Entdeckung vum éischten Zentaur eng aner Terminologie gewielt ginn.

Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

Déi bis elo entdeckt transneptunesch Objete sinn an hirer Zesummesetzung koméitenähnlech. Vill bekannt Koméite stamen no Bunn-Berechnungen déi an den 1970er Jore gemaach goufen, éischter aus der Kuiperceinture, an net wéi laang Zäit ugeholl gouf, aus der Oort-Wollek.

D'Transneptune ginn als speziell Grupp vun Asteroiden ugesinn an ënnerscheede sech vun deenen aus der Asteroidenceinture virun allem duerch

  • hir dacks laanggestreckt Ëmlafbunnen déi wäit vun der Sonn ewech ginn
  • hir kuelenaarteg däischter Faarf (Albedo nëmmen ongeféier 0,04)
  • hir Zesummesetzung aus lassenem Gestengs an Äis, déi gläichzäiteg den Iwwergank zu Koméitekären duerstellt.

Objettyppen[änneren | Quelltext änneren]

D'Transneptune kreese gréisstendeels an der Kuiperceinture tëscht 30 a 50 AE, sammele sech awer dacks zu spezielle Gruppen.

Resonant KBO[änneren | Quelltext änneren]

Een Drëttel vun alle Kuiperceinture-Objete steet a Bunnresonanz zum Planéit Neptun, wéi zum Beispill d'Plutinos, déi all op stabillen, allerdéngs wiesentlech exzentresche Bunnen lafen, an an 3:2-Resonanz zum Neptun sinn. Den hellste vun hinnen ass den Zwergplanéit Pluto. Weider no bausse sinn d'Twotinos, déi an 2:1-Resonanz zu der Neptunbunn stinn. Et existéieren och Objete mat anere Resonanzen, wéi z. B. 5:2 an 3:1.

Klassesch KBO (Cubewanos)[änneren | Quelltext änneren]

Eng aner wichteg Grupp ass déi vun den C-KBOen (klassesch Kuiperceintureobjeten, och Cubewanos) genannt. Si beweege sech mat klengen Exzentrizitéiten op bal kreesfërmege Bunnen tëscht 42 a 50 AE mat Bunnschréie vu bis zu 30°. Ongeféier 2/3 vun de bekannte KBO beweege sech op dëse kreesähnleche Bunnen ëm d'Sonn. Zu där Grupp gehéieren déi 1000-km-Objeten Quaoar an Varuna.

Scattered Disk[änneren | Quelltext änneren]

Gestreete KBO (oder och Scattered Disk Objects, SDO) beweege sech mat groussen Exzentrizitéiten op Bunne mat Periheldistanzen no bei 35 AE an Apheldistanze bis 1000 AE. Bis elo sinn nach net vill gestreete KBO bekannt (zum Beispill 1996 TL66 mat enger staark elliptescher Bunn an enger Bunnschréi vu 24°).

Sedna[änneren | Quelltext änneren]

Enn 2003 gouf en Objet op duebeler Pluto-Distanz entdeckt, dee sech op enger extreem laanggezunnener Ellips wäit baussenzeg vun der Kuiperceinture, allerdéngs nach net an der Oort-Wollek beweegt an en neie Prototyp duerstellt. Den Objet ass ronn 1500 km grouss a gouf no der Inuit-Gëttin Sedna genannt. Dësen oder en aneren nach net entdeckten Transpluto kéint fir déi lues Lassléisung vu Koméiten aus der Oort-Wollek verantwortlech sinn.

Bekannt Objeten[änneren | Quelltext änneren]

Daten[änneren | Quelltext änneren]

Déi hellst bekannt TNO

Déi hellst bekannt TNO (mat absolutter Hellegkeet < 4,0):

Legend zu der Tabell (Bedeitung vun de Kolonnen)
Numm Eegennumm
virl. Bez. Virleefeg Bezeechnung
MV Absolut Hellegkeet
A Albedo
D Equatorduerchmiesser an (km)
a Grouss Hallefachs an AE
e Numeresch Exzentrizitéit
i Bunnschréi a Grad
T Ëmlafdauer an Äerdjoren
Gr Grupp
EJ Datum
Numm virl. Bez. MV A D a e i T Gr EJ
(136199) Eris 2003 UB313 −1,2 ~0,55 ± 0,15 2400 ± 100 67,7 0,441 44,2 557,0 SDO 2005
Pluto −1,0 0,49–0,66 2306 ± 20 39,4 0,249 17,2 247,7 PLU 1930
(136472) Makemake 2005 FY9 −0,3 0,8 ± 0,2 (zirka) 1800 ± 200 45,7 0,156 29,0 308,5 KBO 2005
(136108) Haumea 2003 EL61 0,1 0,7 ± 0,1 ~1500 43,3 0,189 28,2 285,3 KBO 2005
Charon S/1978 P 1 1 0,36–0,39 1205 ± 2 39,4 M 1978
(90377) Sedna 2003 VB12 1,6 > 0,2 (zirka) < 1800, > 1180 484,2 0,843 11,9 10.653 Ano 2003
(90482) Orcus 2004 DW 2,3 0,1 (zirka) ~1500 39,4 0,221 20,6 246,8 PLU 2004
(50000) Quaoar 2002 LM60 2,6 0,10 ± 0,03 1260 ± 190 43,5 0,036 8,0 287,8 CKBO 2002
(28978) Ixion 2001 KX76 3,2 0,25–0,50 < 822 39,6 0,243 19,6 250,2 PLU 2001
(55636) 2002 TX300 3,3 > 0,19 < 709 43,1 0,123 25,9 282,8 CKBO 2002
(55565) 2002 AW197 3,3 0,14–0,20 650–750 47,4 0,132 24,4 325,5 CKBO 2002
(55637) 2002 UX25 3,6 0,08? ~910 42,5 0,145 19,4 277,4 CKBO 2002
(20000) Varuna 2000 WR106 3,7 0,12–0,30 1060 ±180–220 43,0 0,052 17,2 281,0 CKBO 2000
2002 MS4 3,8 0,1 (geschat) 730? 41,8 ? ? ? KBO 2002
2003 MW12 3,8 0,1 (geschat) 730? 45,5 0,138 21,5 311,6 KBO 2003
2003 AZ84 3,9 0,1 (geschat) 700? 39,6 ? ? ? KBO 2003
(84522) 2002 TC302 3,9 > 0,03 < 1211 55,1 0,291 35,1 408,0 SDO 2002
(202421) 2005 UQ513 3,4 ? ~900 43,49 0,142 25,69 286,8 CKBO 2005
(225088) Gonggong (225088) 2007 OR10 21,3 ~ 0,185 1280 ± 210 67,21 0,500 30,70 550,98 SDO 2007

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • David Jewitt, (et al.): Trans-Neptunian objects and comets. Springer, Berlin 2008, ISBN 978-3-540-71957-1
  • John K. Davies: Beyond Pluto - exploring the outer limits of the solar system. Cambridge Univ. Press, Cambridge 2001, ISBN 0-521-80019-6
  • Alan Fitzsimmons, (et al.): Minor bodies in the outer solar system. Springer, Berlin 2001, ISBN 3-540-41152-6

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]