(136472) Makemake

Vu Wikipedia
(136472) Makemake
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Kuiperceinture
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 45.660 A.E.
Exzentrizitéit 0,156
Sideresch Ëmlafzäit 308,540
Mëttel Bunnvitess 4,404 km/s
Inklinatioun 28,998 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 1800 km
Absolut Hellegkeet -0,2
Entdeckung
Entdecker M. Brown,
C. Trujillo
D. Rabinowitz
Entdeckungsdatum 31. Mäerz 2005
Plaz Palomar-Observatoire
Aner Bezeechnungen 2005 FY9


(136472) Makemake (Symbol: 🝼)[1], fréier provisoresch Bezeechnung 2005 FY9, ass en Zwergplanéit vun der Ënnerklass Plutoiden an der Kuiperceinture.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

Den Himmelskierper gouf den 31. Mäerz 2005 vum Mike Brown (CalTech), dem Chad Trujillo (Gemini-Observatoire) an dem David Rabinowitz (Yale-Universitéit) mam Oschin-Schmidt-Teleskop um Palomar-Observatoire entdeckt. Den Objet krut vum Entdeckerteam déi inoffiziell Aarbechtsbezeechnung „Easterbunny“ (Ouschterhues).

D'Entdeckung vum Makemake gouff offiziell den 29. Juli 2005 bekannt gemaach. De selwechten Dag goufen och déi grouss Transneptunen Haumea an Eris der Ëffentlechkeet bekannt gemaach. Dës dräi Objete stellen zesumme mam Pluto no haitegem Wëssen déi véier gréisst bekannt Kuiperceintureobjeten duer. Den Duerchmiesser vum Makemake gëtt op 1.800 Kilometer geschat (zirka 75 % vun der Gréisst vum Pluto). Seng visuell Hellegkeet läit bei ronn 17 mag, woumat hien den zweethellsten Objet nom Pluto an der Kuiperceinturen ass.

Numm[änneren | Quelltext änneren]

Am Juli 2008 krut hien den Numm Makemake no der Schëpfergottheet vun der Ouschterinselkultur[2].

Eegenschafte[änneren | Quelltext änneren]

De Makemake beweegt sech op enger elliptescher Ëmlafbunn am Ofstand tëscht 38,5 AE (Perihel) an 52,8 AE (Aphel) ëm d'Sonn. D'Bunn ass ronn 29° géint d'Ekliptik gebéit. Fir en Ëmlaf ronderëm d'Sonn brauch den Zwergplanéit ronn 309 Joer.

D'Bunn vum Makemake (blo) am Verglach zu de Bunne vum Pluto (rout), Haumea (gréng) an Neptun (gro)

De Makemaken ass méi grouss wéi den Ceres. Duerch seng Gréisst ass hie warscheinlech am hydrostatesche Gläichgewiicht a bal kugelfërmeg.

No der Entscheedung vun der IAU vum 11. Juni 2008 gouf en der Kategorie vun de Plutoiden, enger Ënnerkategorie vun de Zwergplanéiten, zougeschriwwen, well seng absolut Hellegkeet méi kleng wéi +1 mag ass[3].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Makemake – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. JPL/NASA (2015-04-22). "What is a Dwarf Planet?". Jet Propulsion Laboratory. Retrieved 2022-01-19.
  2. IAU 2008: Fourth dwarf planet named Makemake. 17. Juli 2008, Paris
  3. IAU 2008: Plutoid chosen as name for Solar System objects like Pluto. 11. Juni 2008, Paris