Scattered disk object

Vu Wikipedia
D'Bunne vun den SDOen (schwaarz) am Verglach zu de resonante KBOen (gréng) an de Cubewanoen (blo)

Scattered Disk Objects (SDO, och Scattered Kuiper Belt Objects, SKBO, wiertlech gestreet Kuiper-Ceinture-Objeten) si staark exzentresch transneptunesch Objete vun der Kuiperceinture vun eisem Planéitesystem. Dat heescht, hir Bunnradie verlafe baussenzeg vun der Bunn vum Planéit Neptun an hir Bunnbéi hu mat enger numerescher Exzentrizitéit vun ënner 0,8 eng däitlech elliptesch Form. Den Numm Scattered Objects (lëtz. „gestreet Objeten“) bezitt sech op hire méigleche Genesismodus.

Genesis[änneren | Quelltext änneren]

Scattered Disk Objects sinn, wéi all Kuiper-Ceinture-Objeten, baussenzeg vun der Neptunbunn an der planetarer Aggregatiounsscheif vun eisem Sonnesystem entstanen an haten ufanks méi oder wéineger kreesfërmeg Bunnen, déi awer am Laf vun der Zäit ënner Awierkung vun der Riseplanéitegravitatioun vum Jupiter, Saturn, Uranus a Neptun, lues a lues méi exzentresch goufen. Well dee Prozess vun de Planéiten/Objet-Konstellatiounen ofhänkt, ass domat eng gestreete Verdeelung vun den Objetbunnen entstanen, déi deenen Objeten den Numm ginn huet.

Bekannt Vertrieder[änneren | Quelltext änneren]

De gréisste bekannten SDO ass den Zwergplanéit Eris. Den Objet huet e Mound a steet zurzäit op enger Distanz vu 97 AE (14,6 Mrd. km) vun eis ewech. Eris beweegt sech op enger staark exzentrescher a schifer Bunn, déi en an eng Apheldistanz vu ronn 100 AE féiert.

Bei engem anere Vertrieder vun den SDOen, dem Asteroid 2000 OO67, ass d'Ëmlafbunn souguer sou exzentresch, datt säi Perihel bannent der Bunn vum Neptun a säin Aphel an iwwer 1000 AE Distanz vun der Sonn läit.

Weider bekannt SDOe sinn:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]