(612911) 2004 XR190

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) 2004 XR190)
(612911) 2004 XR190
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Transneptuneschen Objet
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 57,035 A.E.
Mëttel Bunnvitess 3,931 km/s
Inklinatioun 46,754 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 500 bis 1000 km
Absolut Hellegkeet 4,47 mag.
Entdeckung
Entdecker Lynne Allen
Entdeckungsdatum 11. Dezember 2004
Plaz Mauna Kea-Observatoire
Aner Bezeechnungen Buffy


Den (612911) 2004 XR190 ass en transneptuneschen Objet aus der Grupp vun de Scattered Disk Objects mat engem Duerchmiesser vu 500 bis 1000 Kilometer an enger visueller Hellegkeet vun 21,8 mag. Hien ass op enger Distanz vun 52 bis 62 AE vun der Sonn ewech. Seng Ëmlafzäit ass ongeféier 431 Joer.

Bemierkenswert ass déi héich Bunnschréi vu 47° géint d'Ekliptik souwéi déi kleng Exzentrizitéit vun nëmmen 0,08. Den Objet gouf entdeckt, well e grad zoufälleg de Plang vun der Ekliptik gekräizt huet a sou bei der Sich no Objete vum Sonnesystem déi méi wäit ewech leien opgefall war. Dat léisst drop schléissen, datt et méiglecherweis nach vill méi onentdeckt Objete mat änleche Bunnparametere gëtt.

Firwat den Asteroid sou eng héich Inklinatioun huet, ass nach net gekläert. Den 2004 XR190 beweegt sech déi Säit der Kuiperceinture ëm d'Sonn, méiglecherweis besteet eng 8:3-Bunnresonanz zum Neptun. D'Bunnstéierungen duerch d'Gravitatiounskraaft vum Neptun ass zwar op sou enger Distanz minimal, soudatt Objeten do op enger zanter der Sonnesystemgenesis onverännerter Bunn lafe missten.

Den 2004 XR190 gouf am Dezember 2004 vun engem Team ëm de Lynne Allen vun der University of British Columbia zu Vancouver, Kanada am Mauna-Kea-Observatoire op Hawaii entdeckt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]