Plutino

Vu Wikipedia
Diagramm an deem d'Bunnhallefachse vun de gréissere Plutinoen (an AE, waagerecht Achs) géint hir Bunnschréi (a °, vertikal Achs) ofgedroe gëtt. D'Kreesgréisste sollen nëmmen déi relativ Asteroideradien illustréieren a sinn net am Moossstaf zu de Bunnelementer. Déi horizontal Linne stellen de Spillraum tëscht dem Perihel resp. Aphel vun de jeeweilege Plutinoëmlafbunnen duer.

Als Plutinoen, net ze verwiessele mat Plutoiden, ginn an der Astronomie déi Objete vun der Kuiperceinture bezeechent, deenen hir Bunnelementer mat deene vum Pluto vergläichbar sinn. Déi Ëmlafbunne ginn duerch eng 3:2-Resonanz zu der Ëmlafbunn vum Planéit Neptun stabiliséiert, dat heescht, wärend dräi Neptunëmleef ëmronne se d'Sonn zweemol. Duerch déi Synchroniséierung ginn enk Rendez-vouse mam Neptun ënnerlooss, soudatt am Ëmkrees vum Riseplanéit nëmme sou Bunnen op laang Dauer stabil sinn.

Déi éischt véier Plutinoe goufen hannereen a véier Deeg vum 14. bis de 17. September 1993 entdeckt, – 63 Joer nom Pluto. Am Ament gëtt d'Zuel vu grousse Plutinoen (iwwer 100 km) op méi wéi 1000 geschat. Dës Schätzunge sinn awer nach ganz onsécher, well et nëmme ganz wéineg Daten iwwer d'Kuiperceintureobjete gëtt.

Méiglech Genesis[änneren | Quelltext änneren]

Wärend dem Entstoe vum Sonnesystem goufe Planéitesimaler vun de Gasplanéiten an de baussenzege Beräich (Kuiperceinture an Oort-Wollek) geschleidert, wouduerch sech dem Neptun seng Ëmlafbunn vergréissert hat. Mat Simulatiounsrechnunge konnt nogewise ginn, datt en dobäi op sengem Wee aner Objeten an der 3:2-Resonanz wéi e Schnéiplou viru sech hi „geschubst“ hat.

Numm Duerchmiesser grouss Hallefachs Perihel Aphel Ëmlafzäit Bunnschréi Exzentrizitéit Oppositionshellegkeet 2008 Oppositiounshellegkeet am Perihel
(134340) Pluto 2374 km 39,48 AE 29,66 AE 49,3 AE 248 Joer 17,2° 0,249 14,m1 13,m8
Charon 1208 km Gréisste Mound vum Pluto
(90482) Orcus 0917 km 39,45 AE 30,84 AE 48,07 AE 248 Joer 20,6° 0,218 19,m1 17,m2
(28978) Ixion 0617 km 39,56 AE 30,00 AE 49,11 AE 249 Joer 19,6° 0,242 19,m4 18,m0
(38628) Huya 0406 km 39,70 AE 28,53 AE 50,86 AE 250 Joer 15,5° 0,281 19,m3 19,m3
(47171) Lempo 0393 km
  (effektiv)
39,24 AE 30,55 AE 47,93 AE 246 Joer 08,4° 0,221 19,m8 19,m7
(15789) 1993 SC 0328 km 39,37 AE 32,12 AE 46,62 AE 247 Joer 05,2° 0,184 22,m5 21,m9
(15788) 1993 SB 0130 km 39,22 AE 26,73 AE 51,70 AE 246 Joer 01,9° 0,319 22,m4 21,m9
(385185) 1993 RO 090 km 39,10 AE 31,48 AE 46,70 AE 244 Joer 03,7° 0,195 23,m0 22,m9

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]