Éischt Liicht

Vu Wikipedia

Als éischt Liicht (engl. first light) gëtt an der Astronomie den Ament bezeechent, an deem d'Liicht vun engem Himmelskierper fir d'éischt Kéier op de Spigel oder op d'Lëns vun engem neien Teleskop fält. Dat gëllt net nëmme fir d'Teleskop selwer, mä och fir déi doru fixéiert Instrumenter, déi hiert eegent „first light“ hunn.

Bei engem Laser gëtt den Ausdrock fir dat éischt ausgeléist Liicht gebraucht, nach ier de Laser mat senger maximaler Leeschtung bedriwwe gëtt.

De Begrëff gëtt heefeg an der englescher Versioun first light gebraucht.

Astronomie[änneren | Quelltext änneren]

Normalerweis hu First-light-Biller keng héich wëssenschaftlech Bedeitung a sinn vu schwaacher Qualitéit géintiwwer vu spéidere Biller, well d'Teleskop oder d'Instrumenter nach net ganz justéiert ass. Dacks gi fir dat éischt Bild bekannt oder spektakulär astronomesch Objete mat héijem Erkennungswäert ausgesicht.

Fir d'Constructeure vun engem neien Teleskop ass d'„first light“ e spannenden a wichtege Moment, mä och fir gréisser Deeler vun der astronomescher Fachwelt. Besonnesch dat „Éischt Liicht“ vun engem neien Teleskoptypus – wéi z. B. de Large Binocular Telescope – fënnt weltwäit groussen Interessi.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie