Carmichael (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Carmichael
Koordinaten 19°31'48"N, 40°21'36"O
Duerchmiesser 19,7 km
Déift 3.800 m
Selenographesch Längt 320° bei Sonnenopgank
Genannt no Leonard Carmichael
Genannt am Joer 1973
Moundvéiereck LQ12
De Moundkrater Carmichael (Mëtt), Hill an Ëmgéigend (LROC-WAC)

De Carmichael ass en Aschlagkrater um ëstleche Rand vum Sinus Amoris a läit am nordëstleche Quadrant op der viischter Äerdmoundsäit. Nord-nordëstlech läit de klenge Krater Hill. Weider ost-nordëstlech ass den opfällege Macrobius. De Carmichael ass kreesronn mat engem klenge flaache Kraterfong an der Mëtt. Seng baussenzeg Wänn si ganz géi. Bei der südëstlecher Kraterwand ass en niddrege Koup mat Gestengs. De Krater selwer ass fräi vun opfällege Aschlagspueren, bis op e winzegen Aschlag knapps baussenzeg vum süd-südwestleche Rand.

Viru senger Ëmbenennung duerch d'IAU am Joer 1973 gouf de Carmichael mat Macrobius A bezeechent.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

De Krater Carmichael (lénks uewen) an de Krater Hill opgeholl vun Apollo 15 (NASA Photo)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]