Macrobius (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Macrobius (Moundkrater)
De Moundkrater Macrobius (riets) an Ëmgéigend (LROC-WAC)
Eegenschaften
Breet 21,23° N
Längt 45,95° O
Duerchmiesser 62,79 km
Déift 4050[1]
Selenographesch Längt 314° bei Sonnenopgank
Genannt nom Macrobius A. T. (4./5. Jh.)
Krut säin Numm am Joer 1935
Macrobius, Foto, opgeholl vun Apollo 17

De Macrobius ass en opfällegen Aschlagkrater nordwestlech vum Mare Crisium am nordëstleche Quadrant vum Äerdmound. Hie läit um südëstlechen Ufer vum Lacus Bonitatis, engem klenge Moundmier. Den däitlech méi klenge Krater Tisserand schléisst sech am Osten un.

De baussenzege Kraterrampli vum Macrobius huet eng staark terrasséiert Struktur. Op der Westsäit iwwerdeckt de klenge Satellittekrater 'Macrobius C' de Kraterrand, deen awer kaum Ofnotzungserscheinungen huet. An der Mëtt vum Kraterbuedem steet en zentrale Biergkomplex. De relativ flaache Buedem huet nëmmen nach am Westen eng niddreg Hiwwelketten.

Niewekrateren[änneren | Quelltext änneren]

Macrobius Breetegrad Längtegrad Duerchmiesser
C 20,82° N 45,01° O 11,52 km
E 18,67° N 46,78° O 8,36 km
F 22,47° N 48,54° O 11 km
K 21,45° N 40,22° O 12,01 km
M 24,93° N 40,91° O 41,08 km
N 22,78° N 40,83° O 4,98 km
P 22,94° N 39,53° O 18,55 km
Q 20,37° N 47,6° O 8,24 km
S 23,29° N 49,59° O 26,32 km
T 23,8° N 48,63° O 32,13 km
U 24,92° N 42,75° O 6,23 km
V 25,37° N 43,25° O 4,47 km
W 24,7° N 44,59° O 25,53 km
X 22,88° N 42,16° O 5,01 km
Y 23,56° N 42,14° O 5,04 km
Z 24,28° N 42,53° O 5,21 km

Follgend Niewekratere vum Macrobius hunn an der Tëschenzäit vun der IAU en eegenen Numm kritt:

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. John E. Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge Univ. Press, Cambridge 2000, S. 278