Hill (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Hill (Moundkrater)
De Moundkrater Hill (Mëtt), an de Krater Carmichael mat hirer Ëmgéigend (LROC-WAC
Eegenschaften
Breet 20,9° N
Längt 40,8° O
Duerchmiesser 15,76 km
Déift 3830 m[1]
Selenographesch Längt 320° bei Sonnenopgank
Genannt nom George William Hill
(18381914)
Krut säin Numm am Joer 1973

Den Hill ass en Aschlagkrater no beim ëstleche Rand vum Sinus Amoris a läit am nordëstliche Quadrant op der viischter Äerdmoundsäit. Eppes méi süd-südwestlech läit de Krater Carmichael. Am Oste läit den opfällege Macrobius. Den Hill huet eng kreesfërmeg Gestalt, mat engem klenge Plang an der Mëtt. Verglach mat der Ëmgéigend hunn déi bannenzeg Ramplien e relativ héijen Albedo. De Krater selwer ass fräi vun opfällegen Aschlagspueren um Rand oder am Zentrum, an ënnerscheed sech net vu villen änleche Moundkrateren.

Am Joer 1973 gouf de fréieren Macrobius B vun der IAU ëmgedeeft an Hill, nom George William Hill.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

De Krater Hill (riets), opgeholl mat Apollo 15 (NASA photo)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. John Edward Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge University Press, Cambridge 2000, ISBN 0-521-59002-7, S. 276