Hevelius (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Hevelius
Koordinaten 2°12'0"N, 67°27'36"W
Duerchmiesser 114 km
Déift 1.930 m
Selenographesch Längt 68° bei Sonnenopgank
Genannt no Johannes Hevelius, Johannes Hevelius
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ10
De Cavalerius an den Hevelius (LROC-WAC)

Den Hevelius ass en Aschlagkrater um westleche Rand vun der viischter Moundsäit, um westleche Rand vum Oceanus Procellarum, südlech vum Krater Cavalerius. De Kraterrand vum Hevelius ass ganz staark erodéiert an am Norden a Süden deelweis platt, bannen ass e vun engem System vu Brochrillen, de Rimae Hevelius, duerchzunn. De Krater krut 1935 vun der IAU offiziell den Numm vum Astronom Johannes Hevelius zougesprach.

Hie mécht mat de bal gläichgrousse Kratere Riccioli a Grimaldi e gläichsäitegen Dräieck.

Niewekrateren[änneren | Quelltext änneren]

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
A 2,85° N, 68,22° W7 14 km [1]
B 1,36° N, 68,95° W7 14 km [2]
D 3,03° N, 60,9° W7 8 km [3]
E 2,92° N, 65,76° W7 9 km [4]
J 0,81° N, 69,86° W7 13 km [5]
K 1,57° N, 70,07° W7 6 km [6]
L 2,03° N, 70,46° W7 7 km [7]

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]