Heis (Moundkrater)
Ausgesinn
|
De Krater Heis an C. Herschel mam Dorsum Heim (LROC-WAC) | |
| Koordinaten | 32°28'12"N, 31°58'48"W |
|---|---|
| Duerchmiesser | 13,55 km |
| Déift | 1910m[1] |
| Selenographesch Längt | 32° bei Sonnenopgank |
| Genannt no | Eduard Heis |
| Genannt am Joer | 1935 |
| Moundvéiereck | LQ04 |
Den Heis ass e klengen Aschlagkrater am Nordweste vun der viischter Moundsäit um Flaachland vum Mare Imbrium, südlech vum Krater C. Herschel a westlech vum Dorsum Heim. Am Südweste läit de méi grousse Krater Delisle. Tëschent deem an dem Heis verleeft d'Rima Delisle, nërdlech dovun läit d'Rupes Boris, e Gebitt vu speziellem Interessi wärend den Apollo-Missiounen. Den nërdleche Rand gëtt vum Niewekrater Dorsum A iwwerlagert.
| Buschtaf/Numm | Positioun | Duerchmiesser | Link |
|---|---|---|---|
| A | 32,71° N, 31,95° W | 6 km | |
| D | 31,64° N, 31,13° W | 8 km |
De Krater gouf am Joer 1935 vun der I.A.U. nom däitschen Astronom Eduard Heis (1806–1877) genannt, deen och an der Meteorfuerschung geschafft hat.
Kuckt och
[Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ John E. Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge University Press, Cambridge u. a. 2000, ISBN 0-521-59002-7.