Delisle (Moundkrater)
Ausgesinn
De Moundkrater Delisle (uewen) an den Diophantus (ënnen) - Apollo 15 (NASA-Foto) | |
Koordinaten | 29°58'48"N, 34°40'48"W |
---|---|
Duerchmiesser | 24,83 km |
Déift | 2420m[1] |
Selenographesch Längt | 35° bei Sonnenopgank |
Genannt no | Joseph Nicolas Delisle |
Genannt am Joer | 1935 |
Moundvéiereck | LQ11 |
Den Delisle ass en Aschlagkrater op der nordwestlecher viischter Moundsäit um Flaachland tëscht Oceanus Procellarum an Mare Imbrium.
Hie läit nërdlech vum Krater Diophantus an ëstlech vum Angström.
Am Oste vum Krater verleeft d'Moundrill Rima Delisle an d'Rupes Boris, am Süden d'Rima Diophantus.
De Kraterrand ass onreegelméisseg, awer nëmme wéineg erodéiert, dat Bannenzegt vum Krater weist ëmfangräich Ramplien op.
Buschtaf/Numm | Positioun | Duerchmiesser | Link |
---|---|---|---|
K | 28,99° N, 38,47° W | 3 km | [1] |
De Krater gouf 1935 vun der I.A.U. nom franséischen Astronom Joseph Nicolas Delisle genannt.
Kuckt och
[Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Delisle (Moundkrater) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ John E. Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge University Press, Cambridge u. a. 2000, ISBN 0-521-59002-7.