Diophantus (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Diophantus
Koordinaten 27°37'12"N, 34°18'0"W
Duerchmiesser 17,6 km
Déift 3.000 m
Selenographesch Längt 34° bei Sonnenopgank
Genannt no Diophantos vun Alexandria
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ11


Den Diophantus ass en Aschlagkrater op der nordwestlecher viischter Moundsäit, um westleche Rand vum Mare Imbrium. Hie läit südlech vum Delisle an nordwestlech vum Krater Euler.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
B 29,08° N, 32,54° W7 6 km [1]
C 27,28° N, 34,75° W7 5 km [2]
D 26,89° N, 36,39° W7 4 km [3]

De Krater gouf 1935 vun der I.A.U. offiziell nom grichesche Mathematiker Diophant vun Alexandrien genannt.

Am Norden an Nordoste vum Diophantus leien déi véier kleng Kratere Samir, Louise, Isabel a Walter. Ufanks war déi Bezeechnung vun de Krateren net als offiziell geduecht. Si goufen zesumme mat aneren inoffizielle Bezeechnunge vu klengen Uewerflächestrukturen aus der Topophotomap-Kaarteserie vun der NASA vun der I.A.U. am Joer 1976 iwwerholl. Si sti mat där Bezeechnung op Topophotomap 39B2/S1 (Samir).[1]

D'Nimm selwer stinn op enger Lëscht als Kraternimm an de Proceedings vun der 16. I.A.U.-Generalversammlung (Grenobel 1976).

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
Samir 28,48° N, 34,3° W7 2 km [4]
Louise 28,46° N, 34,21° W7 640 m [5]
Isabel 28,16° N, 34,08° W7 1 km [6]
Walter 28,02° N, 33,82° W7 1 km [7]

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Diophantus – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Topophotomap 39B2/S1