Daguerre (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Daguerre
Den Daguerre (Foto: LRO)
Koordinaten 11°54'36"S, 33°36'36"O
Duerchmiesser 45,79 km
Déift 120 m
Selenographesch Längt 327° bei Sonnenopgank
Genannt no Louis Daguerre
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ20


Den Daguerre ass en Aschlagkrater no beim nërdleche Rand vum Mare Nectaris. A westlech-nordwestlecher Richtung leien déi béid bekanntst Kratere Mädler an Theophilus. De Krater Isidoris läit an der Regioun tëscht de Maria.

De Kraterzentrum gouf duerch e Lavafloss aus enger Spléck um südwestleche Rand verschott. Doduerch erschéngt den Daguerre méi houffërmeg, wéi ronn. De Buedem ass vun engem Stral vum Mädlerkrater bedeckt. Déi héchst Deeler vum iwwrege Kraterrand sinn 1,5 Kilometer héich.

Nopeschkrateren[änneren | Quelltext änneren]

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
K 12,28° S, 35,76° O7 5 km [1]
U 15,16° S, 35,66° O7 4 km [2]
X 14,09° S, 34,44° O7 3 km [3]
Y 13,95° S, 35,34° O7 4 km [4]
Z 14,98° S, 34,65° O7 4 km [5]

De Krater gouf am Joer 1935 vun der I.A.U. nom franséische Kënschtler an ee vun den Erfinder vun der Fotografie, dem Louis Daguerre (1787–1851) genannt.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]