da Vinci (Moundkrater)
Ausgesinn
|
Foto: Lunar Orbiter 4 | |
| Koordinaten | 9°6'0"N, 44°57'0"O |
|---|---|
| Duerchmiesser | 37,46 km |
| Déift | 1.000 m |
| Selenographesch Längt | 316° bei Sonnenopgank |
| Genannt no | Leonardo da Vinci |
| Genannt am Joer | 1935 |
| Moundvéiereck | LQ13 |
Den da Vinci ass en Aschlagkrater op der viischter Moundsäit um ëstleche Rand vum Sinus Concordiae. De Krater ass staark erodéiert, de Kraterrand onreegelméisseg an den Zentrum hiwweleg.
| Buschtaf/Numm | Positioun | Duerchmiesser | Link |
|---|---|---|---|
| A | 9,64° N, 44,17° O | 16 km |
De Krater gouf 1935 vun der I.A.U. nom italieenesche Kënschtler an Universalgeléierten Leonardo da Vinci genannt.