Descartes (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Descartes
Koordinaten 11°44'24"S, 15°40'12"O
Duerchmiesser 47,7 km
Déift 850 m
Selenographesch Längt 344° bei Sonnenopgank
Genannt no René Descartes
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ20


De Krater Descartes mat Moundwierbel (gestréchelt) an d'Apollo 16 Landeplaz (LROC-WAC)

Den Descartes ass en Aschlagkrater op der viischter Äerdmoundsäit nordëstlech vum Krater Abulfeda a südwestlech vum Moundkrater Kant. De Rand vum staark erodéierte Krater ass nëmmen um südlechen Deel erhalen. Den Zentrum ass gebockelegt a huet konzentresch Strukturen.

Ongeféier 85 Kilometer nërdlech vum Descarteszentrum läit d'Landeplaz vun Apollo 16 (8° 58′ 23″ S, 15° 30′ 1″ O7). D'Ëmgéigend vum Landegebitt gëtt inoffiziell och als Descartes-Héichland bezeechent.

E kreesfërmegt Gebitt mat héijer Albedo nërdlech vum Descartes, deem säin Duerchmiesser ongeféier duerch eng Linn tëscht de béide Krateren Dollond E an Descartes C duergestallt gëtt, gouf duerch Miessunge vum lunare Magnéitfeld vun der Raumsond Clementine als Moundwierbel identifizéiert.[1]

Niewekrateren[änneren | Quelltext änneren]

Descartes Breetegrad Längtegrad Duerchmiesser
A -12,09° S 15,18° O 14,25 km
C -11,03° S 16,27° O 4,33 km

De Krater gouf 1935 vun der IAU nom franséische Philosoph a Mathematiker René Descartes genannt.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Descartes – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. „A New Swirl“ – LPOD-Artikel