Mädler (Moundkrater)
Eegenschaften | |
---|---|
Breet | 11,0° S |
Längt | 29,8° O |
Duerchmiesser | 27 km |
Déift | 2,7 km |
Selenographesch Längt | 330° bei Sonnenaufgang |
Genannt nom | Johann Heinrich Mädler |
Den Aschlagkrater Mädler steet op der südlecher Hemisphär vum Äerdmound. Hie läit an engem Moundmier, dat de Sinus Asperitatis am Norde mat dem Mare Nectaris am Südoste verbënnt. Am Weste steet den opfällege Krater Theophilus, an de Mädler läit an dësen Rampliausleefer.
De Kraterrand vum Mädler ass onregelméisseg geformt an e bëssi an d'Längt gezunn. De Kraterbuedem gëtt vun enger Hiwwelketten duerchzunn, un déi sech eng niddreg Zentralspëtzt uleent.
Ëstlech vum Krater weise sech stralefërmeg Markéierungen, déi am Nordosten eng rankfërmeg Struktur aschléissen.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
- Krater Mädler im "Digital Lunar Orbiter Photographic Atlas of the Moon"
- lunar photo of the day, 28. November 2009