Huggins (Moundkrater)
Ausgesinn
|
De Krater Huggins (Foto: Lunar Reconnaissance Orbiter) | |
| Koordinaten | 41°4'12"S, 1°31'12"W |
|---|---|
| Duerchmiesser | 65,8 km |
| Déift | 1.850 m |
| Selenographesch Längt | 3° bei Sonnenopgank |
| Genannt no | William Huggins |
| Genannt am Joer | 1935 |
| Moundvéiereck | LQ26 |
Den Huggins ass en Aschlagkrater am Süde vun der viischter Moundsäit, südëstlech vum Mare Nubium a südwestlech vum Krater Miller. Den ëstlechen Deel gëtt vum Krater Nasireddin iwwerlagert, am Weste beréiert den Huggins de Rand vum Krater Orontius. De Krater ass staark erodéiert.
| Buschtaf/Numm | Positioun | Duerchmiesser | Link |
|---|---|---|---|
| A | 40,68° S, 2,4° W | 10 km |
De Krater gouf 1935 vun der I.A.U. nom britteschen Astronom William Huggins (1824−1910) genannt.