Hecataeus (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Hecataeus
Hecateus crater AS15-M-2514.jpg
Koordinaten 21°48'S, 79°24'O
Duerchmiesser 133,67 km
Genannt no Hekataios vu Milet
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ21
Hecataeus (Mëtt) an Humboldt (ënne riets) op enger Foto vun Apollo 15.

Den Hecataeus ass en Aschlagkrater um ëstleche Rand vun der viischter Moundsäit, südëstlech vum Mare Fecunditatis, nordwestlech vum grousse Krater Humboldt, deen direkt um Rand läit.

De Kraterrand ass staark erodéiert, bannen am Krater ass et hiwweleg an et si Spure vun Iwwerlagerunge vum Niewekrater Hecataeus K ze gesinn.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
A 21,87° S, 81,79° O7 11 km [1]
B 19,38° S, 75,61° O7 68 km [2]
C 18,96° S, 73,03° O7 20 km [3]
E 18,52° S, 72,61° O7 14 km [4]
J 22,51° S, 80,88° O7 12 km [5]
K 19,66° S, 79,59° O7 94 km [6]
L 19,11° S, 78,85° O7 24 km [7]
M 20,76° S, 84,2° O7 20 km [8]
N 20,9° S, 80,93° O7 11 km [9]

De Krater krut 1935 vun der I.A.U. den Numm vum griichesche Geograph a Philosoph Hekataios vu Milet.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]