C. Herschel (Moundkrater)
Ausgesinn
![]() | |
| Koordinaten | 34°28'48"N, 31°17'24"W |
|---|---|
| Duerchmiesser | 13,7 km |
| Déift | 1.850 m |
| Selenographesch Längt | 31° bei Sonnenopgank |
| Genannt no | Caroline Herschel |
| Genannt am Joer | 1935 |
| Moundvéiereck | LQ04 |
De Moundkrater C. Herschel ass e klengen Aschlagkrater op der viischter Äerdmoundsäit. E läit am Sinus Iridum, eng Ausbuchtung am westlechen Deel vum Mare Imbrium. Südlech läit de Moundkrater Heis, deen änlech Dimensiounen huet. E läit um Gebitt vun de Bierger Dorsum Heim. Westlech vum Krater läit eng kleng Erhiewung déi C. Herschel Zeta genannt gëtt. Aner Niewekratere sinn:
| C. Herschel | Breet | Längt | Duerchmiesser |
|---|---|---|---|
| C | 37,2° N | 32,5° W | 7 km |
| E | 34,2° N | 34,7° W | 5 km |
| U | 36,2° N | 31,5° W | 3 km |
| V | 36,4° N | 33,5° W | 4 km |
Den Ëmrëss vun C. Herschel ass kreesfërmeg an huet keng opfälleg Erosiounen. De Kraterbuedem ass a senger Albedo d'selwecht wéi de Mare Imbrium.
De Krater gouf 1935 vun der IAU no der Astronomin Caroline Herschel genannt.
Kuckt och
[Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: C. Herschel (Moundkrater) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
