Sinus Iridum

Vu Wikipedia
De Sinus Iridum. Uewe riets ass de Kap Laplace ze gesinn, ënne lénks de Kap Heraclides. Foto vum Ole Nielsen

De Sinus Iridum (lëtzebuergesch: Reeboubucht; iertemlech och „Sinus Iridium“) ass eng Ausbuchtung vum Mare Imbrium, enger Déiffläch op der äerdzougedréiter Säit vum Äerdmound.

D'Marebucht läit op 44° 06' Nord an 31° 30' West, südwestlech vun de Montes Jura (Jura-Bierger), deen dëse vum Terra-Terrain südlech vum Mare Frigoris (Mier vun der Keelt) trennt. Den Duerchmiesser vun der Basaltbucht ass 236 km. Agerummt gëtt se un den Enner vun de Montes Jura duerch de Promontorium Heraclides (Kap Heraclides) am Südwesten an duerch de Promontorium Laplace (Kap Laplace) am Nordosten.

D'Benennung staamt vum italieeneschen Astronom Giovanni Riccioli (15981671) a gouf am Joer 1935 vun der IAU offiziell festgeluecht.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]