Lacus Excellentiae

Vu Wikipedia
De Lacus Excellentiae, opgeholl vun der Raumsond Clementine.

De Lacus Excellentiaelatäin fir Exzellent Séi – ass e verstengerte Lavaséi um Äerdmound. D'Bezeechnung gouf duerch d'International Astronomesch Unioun am Joer 1976 festgeluecht.

Déi klemg onreegelméisseg Mieresfläch mit onbestëmmter Ëmgrenzung huet e mëttleren Duerchmiesser vun 184 Kilometer a läit am Südweste vun der äerdzougedréiter Äerdmoundsäit bei de selenographesche Koordinate 35,4 Grad Süd a 44,0 Grad West, südlech beim Mare Humorum. De Mare huet am Südwesten de grousse Krater Clausius mat engem Duerchmiesser vu 25 Kilometer, deem säi Grond och mat Lava opgefëllt gouf.

Am Lacus Excellentiae ass den 3. September 2006 no fäerdeger Missioun den Moundorbiter SMART-1 opgeschloen.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]