Lacus Felicitatis

Vu Wikipedia
De Lacus Felicitatis, opgeholl 1994 mat der Raumsond Clementine. Riets en Deel vum Lacus Odii.

De Lacus Felicitatis ass e verstengerte Lavaséi um Äerdmound. Den Numm, deen hien 1976 krut, ass laténgesch an heescht iwwersat „Glécks-Séi“. Wéi all Déifflächen um Äerdtrabant besteet de Lacus Felicitatis aus basalteschem Magma. Seng Gréisst ass ronn 90 km an hie läit bei 19° N an 5° O, tëscht de Montes Apenninus, dem Mare Serenitatis an dem Mare Vaporum.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]