Montes Apenninus
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
D'Montes Apenninus ass déi gréisst Biergketten um Äerdmound. De Biergzuch ass en Deel vum Kraterwall ëm d'Becke vum Mare Imbrium a läit südlech vun de Montes Alpes. Hien huet eng Längt vu ronn 600 km an hieft sech plazeweis iwwer 5000 m an d'Luucht.
D'Mound-Apennine goufe vum Hevelius no dem Apennin an Italie genannt. Säi südlecheren Ofschnëtt gëtt am Nordweste vum Mare Imbrium an am Südoste vum Mare Vaporum flankéiert. Doduerch gläicht d'geographesch Glidderung där vum ierdeschen Apennin, dee vum Adriatesche Mier a vum Tyrrhenesche Mier ëmginn ass.
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Antonín Rükl: Mondatlas. Werner Dausien, Hanau 1990. ISBN 3-7684-2047-7
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]