Montes Jura

Vu Wikipedia
D'Montes Jura, fotograféiert vum Ole Nielsen.

Montes Juralat. fir Jura-Bierger – ass e boufërmege Biergzuch am Sinus Iridum, am Nordweste vun der äerdzougedréiter Säit vum Äerdmound. D'Benennung staamt vum däitsche Kartograph Ernst Debes (18401923) no dem Jura an der Westschwäiz an an Ostfrankräich, a gouf 1935 vun der IAU offiziell festgeluecht.

D'Biergkette läit bei de mëttlere selenographesche Koordinate 47,1° Nord an 34,0° West, ass ongeféier 422 Kilometer laang a formt a Richtung Südosten déi hallefkreesfërmeg Ëmrandung vum Sinus Iridum, eng Bucht vum Mare Imbrium. Op der anerer Säit läit tëscht him an dem Mare Frigoris e Kraterhéichland. De Biergzuch ass warscheinlech de Rescht vun engem Kraterwall deen zur Hallschent am Mare Imbrium ënnergaangen ass. Op sengen Enner läit de Kap Heraclides am Südwesten an de Kap Laplace am Nordosten. No bei senger Mëtt läit den 38 Kilometer grousse Krater Bianchini.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]